Etat d’Urgence an Frankräich wéinst Attentater zu Paräis!

Wéinst den Attentater zu Paräis gouf den Etat d’Urgence an Frankreich ausgeruff. Vu dass Stroossbuerg och zu engem potentiellen Ziel vun terroristischen Attacken zielt, gëtt ugerooden, haut doheem ze bleiwen, keng öffentlech Transporter (Bus, Zuch, Tram) ze huelen an net op öffentlech Plaatzen (Campus, Place Kleber, etc…) ze goen.
Den Etat d’Urgence gouf provisoresch fir 12 Deeg ausgeruff. Zu Paräis sinn d’Unien fir eng gewëssen Zäit zou, inwiefern dat lo fir d’Unistra gëllt ass na net gewosst.
Grenzkontrollen goufen och rëm agefouert, mä scheinbar (nach?) net op allen Punkten. Et soll een dofir sämtlech Autospabeieren an Identitéitspabeieren vun allen Matfuerer dobäi hunn. Bei Neiegkeeten wäerten mer hei regelméisseg updaten!