Chargement Events

« All Events

ALUS Goes Prague

23. Februar 2018 um 23:00 - 26. Februar 2018 um 23:00

Navigation Event

Dëst Event ass exklusiv fir ALUS Memberen mat valabeler ALUS Memberskaart 2017/18 !

Umeldungsformular

Wéini?

Freides den 23. Februar bis Méindes den 26. Februar 2018 (dat ass den éichten Weekend vun der Fuesvakanz).

Départ

Freides Owes um 23:00 zu Stroossbuerg fort, ma fueren iwwert d’Nuecht an kommen géint 8:00h moies un.

Retour

Méindes owes um 23:00h zu Prag an Arrivée moies géint 8:00h zu Stroossbuerg.

Wéi?

Ma fueren mat engem privaten Flixbus vun Stroossbuerg aus ob « Prag 1 » bei eisen Hotel.

Hotel

Umeldung an Bezuelen

  • D’Platzen sinn ob 49 limitéiert + 15 op der Wardelëscht.
  • Et kann een sech nëmmen als ALUS Member umellen.
  • Umeldungsformular (ganz ënnen op dëser Säit)
  • Start: Méindes den 18ten September um 12:00h bis keng Platz mei do ass, also maacht iech mat Zäiten bei.
  • Bezuelt muss den ganzen Betrag (200€) bis den 9ten Oktober sinn, sos kennt een ob d’Waardelëscht.
  • Z’Iwwerweisen sinn d’Suen ob den ALUS Konto (BCEELULL / IBAN LU83 0019 2955 2436 2000), mat als Communiqué PRAG 2018 + Numm.
  • Ofmellen, nodeems een sech ugemellt huet an bezuelt huet kritt een bei enger Annulatioun seng Suen net mei zeréck, et kann een awer en Ersatz sichen.

Präis

De ganzen Trip kascht 200€, déi beinhalten den Transport mam Bus, den Hotel, 3x Owesiessen an eng Faart mam « Hop On and Off » Bus.

Programm

Dat heiten ass den provisoreschen Programm, de Comité wäert dësen an deenen nächsten Wochen komplettéieren an genau ausschaffen.

Natierlech ass et jidderengem Frei iwwerlooss ob en mat erausgeet oder d’Cafétour matmëscht.

Samschdes:

  • 8h ukommen an Bagagen am Hotel ofsetzen
  • Petrin Berg besichen & Fräizäit
  • Zëmmeren kréien ma ab 2
  • Mëttesrascht bis 4
  • Cafétournée an Kombinatioun mat der Aalstat (Karlsbrücke, Der Altstädter Ring, Astronomische Uhr, Das Tanzende Haus, John-Lennon-Mauer,..)
  • Gemeinsamt Owesiessen
  • Virdrénken & Erausgoen

Sonndes:

  • Ausschlofen & Fräizäit
  • Am Nomëtten géint 2 « Hop off and On Tour » mam Bus.
  • « The Pub » (Café mat eegener Zaabanlage um Dësch)
  • Owesiessen
  • Party

Méindes:

  • Ausschlofen & Auschecken
  • am Nomëtten Visite vun der Buerg vun Prag (Prager an Veitsdom) & Letná Park (Metronom an Biergaart mat vue iwwert Prag)
  • Fräizäit
  • Owesiessen
  • 23:00h Retour ob Stroossbuerg

Bei Froen oder soss iergendeppes kennt der déi gären engem aus dem Comité stellen. Well dat déi éischten kéier ass dat den Comitéë sou eng Rees organiséiert sinn mir oppen vir all Iddi, Propose oder Virschlag deen dir hutt. Sieft dëst zu engem geheim Tipp zu Prag, engem coolen Café oder eppes wat dir perséinlech schon eng kéier zu Prag erlieft hutt.

Schreift dem Olivier Boussong einfach wann der eng Idee vir an den Programm hutt, mir sinn ganz flexibel an géifen eis iwwert en Feedback vun ärer Säit freeën.

Äre Comité!

Détailler

Début :
23. Februar 2018 um 23:00
Fin :
26. Februar 2018 um 23:00

Organisateur

ALUS
Telefon:
+33 1 23 45 67 8
E-mail:
contact@alus.lu

Wou?

Place de l’Étoile
Gare routière de Strasbourg
Strasbourg, 67100 France
Google Maps

Mat dobäi (et ass normal wann dir net direkt hei optaucht)

Daniel André Catherine Funk Sead Beganovic Mischa Haagen Ben Streff Jimmy Mousel Neil Becker Jil Betzen Sam Hoffmann Joëlle Krier Bruno Fileno Caroline Maitry Jil Feierstein Jackie Karpen Begzada Bahtijari Jessie Thill Dana Lang Candy Steffen Brian Schmit Kevin Esteves Christophe Rischette
Francis Kneip Lara Nilles Paolo Weyer Max Cigrang Gilles Esch Frank Daubenfeld Charlotte Hess Benjamin Pauly Selina Bei Laura Gindt Stephanie Araujo Claude Scholtes Anna Trausch Yannick Tossing Sarah Thill Luana Theisen Laurianne Trabut Philippe Schmit Daniel Freichel Olivier Boussong

Reservéieren

Nach 23 Plaatzen iwreg – Déi lescht 15 sinn op der Wardelëscht!

Tribe Loading Animation Image