Praktesch Guiden fir de Start an d’Studenteliewen zu Stroossbuerg — vun der Aschreiwung iwwer d’Bourse bis bei d’Wunneng, Stroum an Transport.
Wat ass d'ALUS? D'ALUS ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg, och nach bekannt ënner: l'Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg. Den ALUS-Comité besteet aktuell aus 14 Memberen déi sech zum Zil gesat hunn, d'Studenten ze integréieren, ze informéieren an hinnen hier Studienzäit mat diversen Aktivitéiten dat ganzt Joer iwwer méi flott ze gestalten.
Fir d'Studenten ze integréiere bidde mir dat ganzt Unisjoer iwwer vill verschidden Aktivitéiten zu Stroossbuerg wéi och an der Summervakanz zu Lëtzebuerg un.
Um Ufank vum Schouljoer organiséiert den ALUS-Comité zum Beispill ee Rallye duerch Stroossbuerg, wou een net nëmmen d'Méiglechkeet huet d'Staat besser kennenzeléieren, mee och nei Bekanntschaften ze schléissen.
Och soss gëtt et engem als Member vun der ALUS net langweileg. Dir kennt iech nämlech op flott Fräibéieren, Quizowender oder d'Partyboot freeen. Mee do halen eis Aktivitéiten nach laang net op. Um Kultur-Programm steet all Joers eng Rees an eng flott Stad, d'Visitt vum Europaparlament an d'Visitt vum Conseil de l'Europe.
D'ALUS probéiert d'Studente reegelméisseg iwwert Baler, Eventer an Evenementer déi vun anere Studentecerclen aus aner Stied organiséiert ginn ze informéieren.
Fir ëmmer um aktuellste Stand ze bleiwen, kanns du d'ALUS-Säit op Facebook liken oder der ALUS iwwer Instagram (@alus67) followen.
Op eisem Internetsite stinn och ganz vill Informatiounen. Et lount sech also reegelméisseg eran ze kucken: alus.lu
Wann s du nei zu Stroossbuerg bass, dann ass de Guide du futur Strasbourgeois genau dat richtegt fir dech! Hei fënns du all déi wichteg Informatiounen déi dir bei dengem Start an d'Studenteliewen zu Stroossbuerg hëllefen. Et kann een sech de Guide online um Site eroflueden: alus.lu/gfs
Bei Froe kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
Säit dem Joergang 18/19 muss all Student deen an engem franséischen Etablissement studéiert d'CVEC (Contribution Vie Etudiante et de Campus) bezuelen, éier en sech definitiv op der Uni ugemellt kritt! Dorënner falen och mir Lëtzebuerger. Dës Suen kennt der iech och mat der Aidefi zreckfroen. Fir de Joergang 26/27 leit dëse Montant bei 105€.
Fir d'CVEC ze bezuelen muss een sech als aller éischt een Kont op dem Site messervices.etudiant.gouv.fr uleeën. Mat dem Kont kann een sech dann op cvec.etudiant.gouv.fr umellen fir d'CVEC unzefroen. Du kanns dann direkt mat enger Visa- oder MasterCard online bezuelen oder bei enger franséischer Post mat engem "Avis de paiement", deens du um Site kriss, bor bezuelen. Nodeems dat gemaach ass, kriss du per E-Mail eng Attestatioun vun der Bezuelung geschéckt.
Bei der Aschreiwung op der Uni gëss du dës Attestatioun gefrot, dofir ass et ganz wichteg d'CVEC virdrun ze bezuelen.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
D'Lëtzebuerger Studenten kennen vun der Finanzieller Hëllef, déi vum Lëtzebuerger Staat ausbezuelt gëtt, profitéieren. Dës Finanzhëllef kanns du dir eng Kéier am Wanter-, an eng kéier am Summersemester ufroen. D'Studiebäihëllef besteet aus zwou Partien: d'Partie Bourse an d'Partie Prêt.
Jiddereen deen op enger Uni oder Héichschoul fir ee Studiegang ageschriwwen ass, egal op fir ee Bachelor, Master oder Doktorat, kann d'Bourse ufroen. D'Bourse ass deen Deel vun der Aide financière, den een net muss zréckbezuelen.
Ënnert dësem Link fënns du fir all Land déi genau Prezisioune, fir wéi eng Uni/Héichschoulen d'Bourse kann ugefrot gi: mengstudien.public.lu
Den Deel vun der Bourse setzt sech aus folgenden Deeler zesummen:
D'Basisbourse: Dës gëtt un jiddereen ausbezuelt, den eng Bourse ze gutt huet.
D'Mobilitéitsbourse: Dës Bourse gëtt just un déi Studenten ausbezuelt, déi am Ausland engem Studiegang noginn.
D'Sozialbourse: Hei gëtt gekuckt, wei héischt d'Akommes vum Stot ass, an dem s du zu Lëtzebuerg wunns. Deementspriechend variéiert dëse Montant.
D'Familliebourse: Dës gëtt am Geigesatz zu deenen aneren Boursen nëmmen 1 mol am Joer ausbezuelt. Dës kréien och just déi Studenten ausbezuelt, déi nach eng Schwëster oder ee Brudder hunn déi och studéieren.
Bourse fir d'Studiefraisen kritt och jiddereen ausbezuelt, mee hei gëtt et ee Maximal Betrag deen am Joer ausbezuelt gëtt.
Hei ass et sou, dass wann een nëmmen d'Bourse hëlt ouni de Prêt an d'Stuidefraise zum Beispill sech op 200€ belaafen, da kritt een 100€ ausbezuelt. Fir déi ganz 200€ ausbezuelt ze kréien, muss een den Prêt huelen. Well mam Prêt kritt een déi 2. Hallschent vun den Fräis d'Inscirption ausbezuelt.
Des Weideren huet een d'Méiglechkeet ee "Prêt Étudiant / Studenteprêt" unzefroen. Mat dem Prêt kanns du dir op d'Bank Sue leine goen, fir weider Käschten déi wärend dengem Studium ufalen, ze decken. (All Bank huet déi selwecht Konditioune fir d'Bourse an de Prêt, just d'Offere wat ee gratis vun der Bank dabei geschenkt kritt, variéiere vu Bank zu Bank.) Dëst ass den Deel vun der Finanziellerhëllef den ee spéitstens 2 Joer nom Ofschloss vun der Studienzäit muss ufänken zréckzebezuelen. Hei huet een dann 10 Joer Zäit fir den ganzen Betrag zréck ze bezuelen.
Hei fënns du nach weider Informatiounen iwwert d'Konditiounen an d'Demarchen vun der Aide financière: guichet.public.lu
D'Bourse an de Prêt kanns du eemol fir d'Wantersemester ufroen (vum 3. August bis den 30. November) an eemol am Summersemter (vum 1. Februar bis den 31. Mee).
D'Studiebäihëllef kann een ganz einfach iwwert mengstudien.public.lu ufroen. Dëst kanns du ënnert folgendem Link maachen an dann op „Lancer ma demande" klicke fir deng Demande online ze maachen: guichet.public.lu
Wanns du dech bis mat dengem Token connectéiert hues brauchs du just nach "Sélectionnez une démarche" auszewielen, "Aidefi : Demande d'aide financière de l'Etat pour études supérieures - Semestre d'hiver" ze sichen an d'Demande ze kreéieren. Ab hei muss du all déi gefroten Donnéeën uginn an Dokumenter roplueden. Wann dat gemaach ass, muss du deng Demande natierlech och ofschécken.
No enger Rei vun Deeg kriss du per E-Mail Bescheed gesot op eppes feelt oder op deng Demande vollstänneg ass.
Opgepasst: All Demande muss bis zur uwen genannter Deadline vollstänneg sinn, soss kritt een keng Finanziellhëllef ausbezuelt.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
E gudde Rot: fänk fréi genuch mat der Wunnengssich un!
Vu datt déi meeschte Fakultéiten d'Examen op Enn Mee an Ufank Juni leeen, ginn no där Zäit déi meeschte Wunnenge fréi. Mir roden dir also, dech schonn am Juni oder och schonn am Mee iwwer Offeren a Konditiounen schlau ze maachen, fir dass de och ouni Problemer eng uerdentlech Wunneng fënns!
Wou een dann elo schlussendlech wunnen soll, hänkt haaptsächlech dovunner of wat ee studéiert an wéi engem seng Preferenzen sinn:
Entweder et wëll een an engem méi rouege Quartier wunnen, oder do wou dagsiwwer an Owes vill lass ass.
Ënnert unistra.fr, Rubrik "Plan des Campus" kanns du d'Lag vun denger Fakultéit nokucken an d'Distanz tëscht der Uni an de Wunnenge vergläichen.
Opgepasst: Wann's du Economie wëlls studéiren: AES (Administration Economique et Sociale) an Sciences Economiques et de Gestion sinn an zwee verschidde Gebäier agedeelt!
Am allgemengen wunnen d'Studenten duerch ganz Stroossbuerg verdeelt. Am beléiftsten sinn awer ëmmer nach d'Quartieren ronderëm de Campus Central an d'Alstad.
Dorënner wieren d'Esplanade (rue Jean-Henri Schnitzler, rue de Rome, rue d'Oslo, d'avenue du Général de Gaulle,...), d'Krutenau (rue de Zurich, place de Zurich,...) an de Quartier Forêt Noire (boulevard d'Anvers, rue de l'Yser, boulevard de la Marne, rue de Verdun, avenue de la Forêt Noire,...). Haalt och an der Alstad d'Aen op no fräie Wunnengen, zumools ronderëm d'Place Kléber an d'Place Gutenberg.
D'Héicht vum Loyer hänkt ganz vun der Géigend of wou d'Wunneng läit: z.B. ass d'Orangerie direkt beim Europaparlament e vergläichsweis méi deiere Quartier, wärenddeem d'Esplanade den Duerchschnëtt mécht.
Jee méi ausserhalb d'Wunneng vum Stadzentrum läit, desto méi bëlleg ass se. Sou bezilt ee fir eng Wunneng am Quartier Neudorf oder zu Cronenbourg vill manner Loyer, mee dofir wunnt een dann och ëmsou méi wäit ewech vun der Uni.
Mir roden der dowéinst fir all Wunneng d'Adress op Google Maps nozekucken an de Wee ze Fouss vun dengem neien Doheem bis bei d'Uni oder och bis bei d'Caféen, (well wien wëllt schonn no enger Soirée 5km ze Fouss heem trëppelen) ze iwwerpréiwen.
Wunnheem
Wanns du an ee Studentewunnheem wëlls wunne goen, kucks de am allerbeschten op adele.org oder op crous-strasbourg.fr no. Studentewunnheemer sinn déi erschwinglechste Wunnméiglechkeet déi een zu Stroossbuerg fënnt, mee d'Wunnengen sin dofir awer deementspriechend kleng gehalen (8-20m2)!
Agencen
Ganz vill Studenten hunn hir Wunneng iwwert eng Agence fonnt. Hei heescht et allerdéngs gedëlleg sinn. Déi meescht Agencen froe ganz vill Pabeieren, déi een esou séier wéi méiglech muss raschécken fir dass een déi Wunneng déi een gären hätt och kritt.
Agencen hunn de grousse Virdeel, dass een eng grouss Unzuel un Offeren gebuede kritt déi s de dann mateneen kanns vergläichen. Meeschtens sinn d'Wunnengen, déi vun enger Agence kommen, an engem gudden Zoustand, mee opgepasst, et ginn och Ausnahmen!
Op fnaim.fr kanns du tëscht all de Wunnengen vun all den Agencen, dir déi Offer raussichen, déi dir am beschte gefällt. Vun do aus kënnt een op de Site vun de jeeweilegen Agencen, wou een nach méi fënnt. Natierlech kann een och direkt bei eng Agence uruffen an no engem Rendez-vous froen. D'Telefonsnummeren vun de jeeweilegen Agencen sinn op Google ze fannen.
Am Fall wou s du aus denger Wunneng wëlls eraus plënneren, kriss du vun der Agence eng Kënnegungsfrist vun 3 Méint accordéiert. Wat awer vill Leit net wëssen, ass dass Stroossbuerg eng „Zone tendue" ass. Et kann een seng Kënnegung also och eréischt 1 Mount am Viraus dem Propriétaire oder der Agence erareechen. Dëst muss och vun hinnen ugeholl ginn.
De Nodeel bei den Agencen ass, dass een ufanks eng Kautioun bezuele muss (+-1 Loyer, mee déi kriss du zum Schluss, wann s du eraus plënners, erëm zréck), verschiddener froen dann och nach vill Niewekäschten dobäi, wéi z.B. Frais d'Agence déi ee fir hir Servicer bezuele muss. Opgepasst op dubios Agencen déi scho Sue froen eleng fir d'Wunnenge kucken ze goen. Eng Visitt ass emmer gratis!
Ganz wichteg: Wann s du vun Agencen "on vous rappelle" um Telefon gesot kriss, muss de an deene meeschte Fäll selwer puer mol nohaken bis de endlech dat kriss wat s de dir erhoffs.
Privatleit
Bei privaten Offeren hänkt d'Kautioun vum Proprietaire of an ass meeschtens net esou héich wéi bei den Agencen. Och muss ee keng Frais d'Agence bezuelen. Privat Proprietaire kommen engem oft och méi entgéint an maachen et engem sou méi liicht fir eng Wunneng kucken ze goen.
D'Sich no Privatwunnengen ass méi opwänneg wéi mat enger Agence. Op leboncoin.fr an seloger.com stinn déi meeschten Offeren, wann s de schonn zu Stroossbuerg bass kanns de och emol d'Aen ophalen no "à louer" Schëlder, déi an de Fënsteren vu fräie Wunnengen hänken. A grousse Wunngebäier (z.B. op der Esplanade) fënns du an der Entrée d'Telefonsnummer vum Proprietaire. Zéck net do unzeruffen an ze froen ob eventuell Wunnengen an deem Gebäi fréi sinn.
Groupe immobilier "De Storchi"
D'ALUS huet ee Grupp op Facebook (alus.lu/immo) an e Grupp op Whatsapp wou aktuell an zukënfteg Studenten d'Méiglechkeet hunn, Offeren an Demanden vu Wunnengen an och Miwwelen ze posten.
Wanns de deng Dramwunneng endlech fonnt hues, brauchs du héchstwahrscheinlech folgend Dokumenter fir eran ze plënneren:
- En RIB (Relevé de l'Identité Bancaire) fir de Loyer
- Déi 3 lescht Fiches de Paie vun dengen Elteren (fir dass d'Cautionnairen hir 'solvabilité' iwwerpréiwe kënnen)
- Kopien vun denger Carte d'identité an der vun dengen Elteren (méi wéi nëmmen eng)
- E Certicat d'affiliation
- Eng Attestation d'assurance habitation vun denger Assurance.
Fir dës lescht Dokument ze kréien, kanns du d'Assurance vun dengen Eltere froën, am Fall wous de iwwert deng Eltere versëchert bass. Ass dat net de Fall, muss de dech un eng franséisch Assurance wenden. Déi kascht pro Joer nët vill, mee se sëchert dech of am Fall wou dir, denger Wunneng, oder denge Wäertsaachen eppes geschitt.
Verschidde Propriétairen akzeptéieren och nëmmen eng franséisch Assurance. Dës kann s du och ganz einfach per Telefon oder per Rendez-vous bei denger franséischer Bank ofschléissen oder bei folgenden Assurancen zu Stroossbuerg: MAAF, MGEL.
Eng weider Formalitéit em déi s de dech këmmere muss, ier et lassgeet, ass den État des lieux vun denger Wunneng. Dobäi kucks du mat dengem Proprietaire den Zoustand vun denger Wunneng am Moment wou s du se iwwerhëlls, fir en dann erëm mam Zoustand ze vergläichen wanns de aus dem Gebäi eraus plënners.
Vun dohier ass et wichteg, dass den État des lieux uerdentlech gemächt gëtt. Kuck no all klengem Manko an denger neier Wunneng a schreif der alles genau op bzw maach Fotoen fir dass keen dir dono unhänke kann, dass de fir dee Schued am Gebäi verantwortlech bass dee schonn do war iers du era ge-plënnert bass!
Ausserdeem muss du den État des lieux zum Schluss nach eng Kéier gutt duerchliesen a sécher stellen, dass all klengen an eventuell méi grousse Schued an der Wunneng (Elektresch futti, Rouerbroch, etc.) direkt vun dengem Proprietaire musse reparéiert ginn.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
A Frankräich huet all Student d'Recht op eng staatlech finanziell Hëllef fir säi Loyer, déi een vun der CAF kritt. De Montant kann jee no Situatioun variéieren. Hei gëtt gekuckt, ob een eleng wunnt, an enger Colocatioun wunnt oder an enger CROUS-Residenz wunnt. D'lëtzebuergesch Bourse gëtt vun der CAF net als Revenu ugerechent. Et handelt sech heibäi ëm eng „aide au logement" (méi genee ëm APL, ALF oder ALS. D'CAF wielt automatesch déi Aide, déi passt).
D'Demande leeft haut komplett online iwwer caf.fr, an dengem perséinleche Kont „Mon Compte" (kann ee sech och mat FranceConnect verbannen). Um Enn vun der Demande weist d'CAF der genee un, wéi eng Justificative-Dokumenter s de nach muss eraschécken. Déi lueds de am beschten als Foto oder Scan direkt an „Mon Compte" oder iwwer d'App „Caf – Mon Compte" erop.
Heiansdo mussen déi eng méi Dokumenter eraschécken wéi déi aner. Doduerch kann d'Prozedur, fir all déi néideg Dokumenter eranzeschécken, bei deenen engen méi laang dauere wéi bei aneren, ouni spezifesche Grond. Mee ab deem Moment, wou een seng Demande online ofginn huet, leeft d'Period, fir déi een eng Aide vun der CAF ze gutt huet. Soubal een dann all déi néideg Dokumenter ageschéckt huet, kritt een déi Suen, déi een bis dohinner ze gutt huet, iwwerwisen an duerno all Mount de fixe Montant.
D'CAF hëlt fir hire Calcul net de ganze Loyer, mee e Plafong, deen no Zone festgeluecht ass. Stroossbuerg läit an der „Zone 2". Fir eng Persoun eleng läit dëse Plafong aktuell ronn bei 290 € de Mount. Ab engem Loyer vu ronn 720–730 € fänkt d'Hëllef un ze sinken, an ab ronn 900 € fällt se ganz ewech. Dës Zuele ginn all Joer den 1. Oktober nei festgeluecht. Dofir fënns du déi genee aktuell Zuel fir deng Situatioun am beschten mam Simulateur op caf.fr eraus.
Verschidde Studenten kruten och scho mol vun der CAF een Ziedel, op deem steet, dass hiren Titre de séjour net méi gëltig wéier. Als lëtzebuergesch Studente brauche mir keen Titre de séjour, well mir ënnert de Status vum „Étudiant européen" falen.
Am beschte schéckt een hinnen dann eng Kopie vun der Sécurité-sociale-Kaart eran, ewéi en aktuelle Certificat de scolarité an eng Kopie vun der Carte d'identité.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
Wann s du deng Wunneng bis fonnt hues, sinn déi zwee wichtegst Punkte Stroum an Internet!
Fir an denger neier Wunneng net am Däischtere setzen ze mussen, muss du dech bei ÉS (Électricité de Strasbourg) umellen. Dat kanns du einfach iwwer hire Site espaceclient.es.fr maachen, andeems du dir do en Account erstells (oder iwwer d'App „Mes Watts"). Op dengem Account hues du dann Zougrëff op däin Espace client an allerlee Funktiounen. Ganz praktesch ass hei d'Funktioun „prélèvement automatique", wou deng Rechnungen automatesch iwwerwise ginn, sou datt du et och net vergiesse wäerts.
Wat vill Leit net wëssen, ass, datt de Montant u Stroum, dee verbraucht gëtt, nëmme geschat gëtt a meeschtens net dengem reelle Verbrauch entsprécht.
Sou kann et virkommen, datt du an der Vakanz eng méi deier Rechnung kriss, obwuel s du kee Stroum verbraucht hues. Mee keng Panik: An dengem Kont hues du d'Méiglechkeet, fir e „relevé de compteur" unzeginn, wou s du de richtege Stroumverbrauch kanns uginn (dee kanns du um Compteur noliesen). Duerno kriss du dee Montant, deen s du ze vill iwwerwise hues, vun ÉS zréckbezuelt.
Wann s du bis Stroum hues, brauchs du natierlech nach Internet. Zu Stroossbuerg fënns du verschidden Operateuren (ewéi Orange/Sosh, SFR/RED, Bouygues oder Free), déi Fiber-Packages ubidden, dacks och ouni Engagement.
Déi meescht kaschten tëschent 20 € an 30 € de Mount fir just Internet (ouni Fernseh/Telefon), méi vill mat Fernseh-Optioun. Bei ville Fiber-Offere fällt haut d'Frais d'activation manner staark oder guer net méi un, mee opgepasst, bleift ugesot: Vill Ubidder bombardéieren een trotzdem mat Optiounen a Klauselen, déi extra kaschten.
Hei muss du natierlech just dat huelen, wat s du och wierklech brauchs. Looss dir net eppes undréinen, wat fir dech net noutwendeg ass.
Bei ville Fiber-Ubidder ass haut d'Offer ouni Engagement (gratis Résiliatioun), mee et gëtt och nach ëmmer Offeren, wou d'Abonnement am éischte Joer méi bëlleg ass a wou ee no engem Joer méi bezuele muss. Hei muss du oppassen, datt du däin Abonnement mat Zäite kënnegs, wann esou eng Offer bei dir gëllt an du no engem Joer net de méi héije Tarif bezuele wëlls.
An der Offer abegraff ass haut meeschtens onbegrenzt Telefonéieren op Festnetzer, an d'Internet leeft iwwer Fiber mat bis zu 1 Gbit/s (amplaz vun der aler ADSL-Vitesse). A Punkto Fernseh kritt een als Basis nëmme franséisch Sender ugebueden. Fir däitsch Chaînen muss du meeschtens extra bezuelen. D'Umeldung dauert 1–2 Wochen a gëtt meeschtens iwwer Internet gemaach, oder du gees op d'Plaz an de Buttek, wou si dir dat maachen.
Duerno kritt ee per Post eng „Box" geschéckt, iwwer déi den Internet, den Telefon an de Fernseh leeft.
Opgepasst: Oft brauchs du eng franséisch Handy- oder Telefonsnummer, fir datt du mam Ubidder e Rendez-vous kanns ausmaachen a fir datt si sech bei dir melle kënnen, wann si bei dir kommen, fir deng Box ze installéieren, oder de RDV verluecht musse ginn. Hei kanns du einfach engem Kolleeg seng franséisch Nummer uginn oder du hëls dir eng Prepaid-Kaart fir ongéféier 10 €.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Instagram, Facebook oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.
Wann een zu Stroossbuerg studéiert, wëll een och mobil sinn.
Mam Auto
Fir d'Studenten, déi léiwer bei engem am Auto wëlle vu Lëtzebuerg aus bis op Stroossbuerg an ëmgedréint matfueren, bidde mir e spezielle Service un: eise Facebook-Grupp Matfuergeleeënheeten Lëtzebuerg-Stroossbuerg (Facebook Matfuergeleeënheeten) oder och einfach an eisem Matfuergeleeënheeten Channel an eiser Whatsapp-Grupp erlaabt et dir, Offeren an Demanden ze posten fir dann een oder méi Studenten matzehuelen oder vun anere Studente matgeholl ze ginn. An der Reegel gëtt 15€ gefrot fir mat engem matzefueren.
Mam Zuch:
Et kann een och den TGV vun der Stater-Gare oder vun Bouneweg aus huelen. Wanns du méi oft mam TGV oder mam normalen Zuch wëlls op Stroossbuerg fueren, rode mir dir, eng "Carte Avantage Jeune" (49€/Joer) vun der SNCF unzeleeën. Mat där spuers du -30% op deng Reesen an -15% op d'Servicer vun der SNCF. Fir méi genau Informatiounen, kanns du dech bei der Mobilitéitszentral zu Lëtzebuerg mellen oder um Site vun der SNCF.
Péage:
Wann een iwwert déi franséisch Autobunn op Stroossbuerg fiert, muss een um Wee duerch de sougenannte Péage fueren. Op dëser Platz bezilt een ee gewëssen Montant mat deem d'Stroossen a Frankräich nei gemaach ginn.
Wann een op enger Péage-Gare ukomm ass, kann een do mat enger Visaskaart bezuelen, wat relativ séier geet oder eben mat borem Geld.
Wann een awer elo net ze vill Zäit beim Péage verbrénge wëll, kann ee ganz einfach op den Télépéage zréck gräifen andeems een ee "Bip & Go" Badge huet, mat deem een duerch déi Barrière fuere kann, déi extra dofir geduecht sinn. Fir Jonker ënnert 26 Joer kascht de Badge dat éischt Joer näicht. Et muss ee pro Mount also keng Frais de gestion an och keng Mise en service bezuelen. All Mount kritt een eng elektronesch Rechnung geschéckt wou de Montant vun all den Faarten, déi een duerch de Péage gemaach huet, drop stinn.
Fir weider Informatioune kanns du dech beim ACL mellen.
Mam Flixbus:
Mëttlerweil fiert Flixbus a Co vu Lëtzebuerg op Stroossbuerg an zréck, allerdéngs nach zu onreegelméissegen Zäiten. Dee Bus ass allerdéngs mat 15-25€ méi bëlleg wéi den Zuch. Den Trajet dauert 3 Stonnen.
Vëlo:
Fir sech zu Stroossbuerg selwer ze deplacéieren, ginn et verschidde Méiglechkeeten. Vu dass d'Staat esou kompakt ass kann ee villes zu Fouss maachen. De Vëlo ass mat deene ville Vëlosweeër och eng gutt Alternativ.
Den 6. an den 27. September 2026 fënnt och eng Bourse aux vélos statt, wou ee fir en bëllege Preis en Vëlo fënnt. Soss fënnt een awer och verschidde Privat Annoncen (leboncoin oder Facebook Marketplace) mat gebrauchte Vëloen. Am beschten hëlt een een, deen net ze deier/nei ass, well déi gäre geklaut ginn. Hei ass et also och wichteg de Vëlo mat engem gudde Schlass ze equipéieren, fir dass du däin Vëlo net sou séier vun Onéierlechen geklaut kriss.
Vélhop:
Wann's du do kee Vëlo fënns an och net däin eegenen wëlls vun Doheem matbréngen, kann een op de Vélhop zréck gräifen. Dëst ass ee Vëlo deens du dir loune kanns. Sou ee Vëlo kann een op 5 verschiddene Platzen zu Stroossbuerg kréien: Gare, Centre, Université, Schiltigheim, Koenigshoffen.
Fir een normale Vëlo ze loune brauch ee folgend Dokumenter:
- Carte d'identité
- 100€ déi een als Dépôt de garantie hannerléisst an no dem auslafe vum Kontrakt zréck kritt (Bor, per Chèque oder per Kaart)
- Ee justificatif domicile
- Waasser-, Stroum-, Gas- oder Telefonsrechnung
- Avis d'imposition ou certificat de non-imposition
- Quittance d'assurance (incendie, risques locatifs ou responsabilité civile) fir deng Wunneng
- Titre de propriété ou quittance de loyer
- Studentekaart.
All Vëlo ass mat engem Vëloschlass equipéiert. Et ginn extra Studentenoffere bei deenen een de Vëlo fir 10 Méint ka lounen (et gëtt een den Vëlo dann iwwert d'Summervakanz of). De Studententariff vir 10 Méint kascht 48€.
Méi Informatiounen zu den Tariffer an de Modalitéite fënns du ënnert folgendem Link.
Tram- a Busreseaux:
Stroossbuerg huet een efficacen Tram- a Bussystem deen och d'Regioun ronderëm d'Stad deckt. D'Tariffer fir en Aller simple sinn 1,90€ respektiv 4,60€ vir en 24h-Ticket. Solls du lo all Dag mam Tram oder mam Bus fuere mussen, rode mir dir en Abonnement ze maachen (28€ de Mount / 276€ d'Joer). Du kanns awer och eng Kaart mat enger gewëssener Unzuel u Faarten kaafen an se esou benotzen wéis du se brauchs (wanns du zB net all Dag mam Tram fiers an sech den Jores-tarif vir dech net rentéiert). Fir weider Informatioune gees du am beschten op de Site vun der Compagnie des Transports Strasbourgeois: cts-strasbourg.fr.
Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook, Instagram oder per E-Mail (contact@alus.lu) bei eis mellen.