ALUS Memberskaart 2023/2024

Déi meescht Events wéi de Fräibéier, d’Visitt vum Europaparlament, eist berüümt Partyboot, etc, sinn exklusiv fir d’ALUS Membere reservéiert.

Des Weideren huet een als Member d’Recht op der annueller Assemblée Générale am Fréijoer de neie Comité ze wielen.

Mir proposéieren och Stage & Job Offere vun eise Partner, wann neier sollten publizéiert ginn, gitt dir per Mail informéiert.

Fir deng Memberskaart ze kréien an ëmmer um lëschte Stand ze si wat d’Studenteliewen zu Stroossbuerg, Events a Weideres ugeet:

– Fëll dëse Formulaire aus;
– Bezuel 20€ per Onlinebezuelung am Formulaire (den Link kennt nom Ofschécken!);
– Komm déng Memberskaart op engem vun eisen Events sichen!

Falls dir sollt Problemer mam Bezuelen oder soss Froen zum Formulaire hunn kontakteiert eis iwwer webmaster@alus.lu

D’Aschreiwung iwwert den Site an bezuelen am Viraus, ass déi eenzeg Méiglechkeet sech eng Memberskaart ze verschafen!