Guide du futur Etudiant 2014/2015

Den Guide du futur Etudiant (GFE) ass ab lo um Site vun der ACEL an der aktualiséierter Versioun 2014/2015 ze kréien. Wéi den Auteur aus eegener Erfahrung kann zielen, lount sech et sech ee Bléck dran ze werfen, fir all méiglech Froen déi een kéint zu senger designéierter Studienstaat hunn. Hei den Link: Guide du futur Etudiant 14/15

Den GFE am Pabeierformat kritt een ab Ufank November op verschiddenen Plaatzen, dorenner z.Bsp an all Spuerkeess Agence, beim CEDIES, op der Uni.lu, beim SNJ, beim CIJ, etc an och op der Studentefoire Mett November.