Studiebäihëllef 2014/2015

Seit dem 1ten August ass de Formulaire fir d’Studiebäihëllef fir d’Schouljoer 2014/2015 um Site vun der CEDIES als PDF erhältlech. D’Formulaire fannt der hei: http://www.cedies.public.lu/fr/actualites/2014/08/Aide-financiere/index.html

D’CEDIES selwer huet wéinst der Reform och nach een “Guide de l’aide financière” geschriwen, deen der ënnert dem selweschten Link roflueden kënnt.

An dësem Zesummenhang huet d’ACEL och een “HowTo Studiebäihëllef” geschriwen, deen eventuell Froen beim Ausfellen vum Formulaire beäntwere soll, an wou een och nach eng Kéier een Résumé vun der neier Zesummensetzung vu Bourse a Prêt fënnt. Dat Ganzt steet hei zum Download bereed: http://acel.lu/publications/howto-studiebaihellef

Außerdem gëtt et nach ee Simulator vun der CEDIES, wou jiddereen ausrechnen ka wat en wahrscheinlech un Bourse a Prêt kréie wäert. Link: http://portal.education.lu/etudes/Home.aspx