Fräibéier

Léif ALUS-Memberen

Fir iech d’Rentrée ze erliichteren, invitéieren mir Iech nees den Mëttwoch 21.September ab 21h00 am Jimmy’s Bar (30 Quai des Bateliers) op eisen Fräibéier.
Dësen Fräibéier ass och an Zesummenaarbecht mat der ANELD an ANESEC!

Den Fräibéier ass gratis fir all ALUS-Member !

Den Owend selwer kennt dir är Memberskaart fir 10€ bei eis kafen an kennt soumat och direkt vum Fräibéier profitéieren. Fir op d’Memberslëscht ze kommen, biede mir iech de Formulaire iwwert dëse Link auszefëllen : https://www.inscription-facile.com/form/BZep8zpJrzefsIim1pjH

Och d’Memberen vum leschte Joer sinn gebieden den Formulaire auszefëllen. Just déi Leit wou sech fir de Rallye an/oder d’Iessen vun der Woch virdrun schonn agedroen haten, brauchen et net nach eng Kéier ze maachen!

Mir freeën eis op iech,

De Comité