https://www.facebook.com/events/1979389085655943/ Léif ALUS-Memberen, Fir iech d’Rentrée no dem schwéieren Semester ze erliichteren, invitéieren mir iech nees den Mëttwoch 17. Januar ab 22h00 (den Jimmy’s mëscht um 22h00 op et huet also keen wäert éischter do ze sinn) am Jimmy’s Bar (30 Quai des Bateliers) op eisen Fräibéier. Den Fräibéier ass gratis fir all ALUS-Member (bréngt är Memberskaart mat!) oder vir déi wou et nach wëllen ginn, dëse Formulaire ausfëllen. Den Owend selwer kennt dir är Memberskaart fir 10€ bei eis kafen an kennt soumat och direkt vum Fräibéier profitéieren. Mir freeën eis op iech, De Comité ♥
Méi...Category: Events
Tournoi de Noël 2017
Läscht Woch huet nees den Traditionellen Tournoi de Noël vun der ACEL um Campus Geesseknäppche stattfonnt. Do war d’ALUS wéi gewinnt an den 3 Sportaarte vertrueden an hat och seng trei Supporteren an den Tribüne setzen. Och wann mir et a kenger Sportaart op de Podium geschafft hunn, hunn eis Equippen trotzdeem gutt d’Faarwe vu Stroossbuerg verteidegt an dofir soe mir iech nach en ganz grousse MERCI an och un eis Supporteren datt se eis Spiller gutt ugefeiert hunn! Mir hoffen datt jiddereen eng flott Zäit hat an och d’nächst Joer nees dobäi wier. Äre Comité
Méi...ALUS Partyboot!
https://www.facebook.com/events/1862084110519899/ Salut léif Memberen, Wei all Joers organiséiert d’Alus och dees Joer erëm dat legendäert PARTYBOOT!! Dat ganzt fënnt Mëttwochs den 24ten Januar statt. Nei: Dëst Joer ass et net 2 mais 3 Stonnen! Kuerz Beschreiwung vum Event: Mir fueren mat engem Privatiséierten Bateau Mouche duerch ganz Stroossbuerg. Während deenen 3 Stonnen ass Open Bar dh dir kritt vun allem souvill ze drenken wei der wellt. All weider Informatiounen fannt der op eiser Event-Page.
Méi...Invitatioun fir op d’REE 2017
https://www.facebook.com/events/148890162400189/ Léif Memberen, den 22. Dezember fënnt d’REE an der Chambre de Commerce statt. Hei handelt et sech em eng Job-Foire déi vun der ANESEC – Connecting future economists an der ANELD – Association Nationale des Etudiants Luxembourgeois en Droit organiséiert ass. Op der Platz fannt dir interessant Firmen am Beräich vun Eco an Droit, wou och puer vun eise Partner wéi BCEE – Spuerkeess, Arendt & Medernach, Clifford Chance Luxembourg Careers, EY Careers, Commission de Surveillance du Secteur Financier an Chambre de Commerce dobäi sin. Méi Info fannt dir op www.ree.lu an um Facebook Event selwer.
Méi...Event Programm fir Oktober
Méi Infos op eiser Event-Page.
Méi...ALUS Goes Prague!
HUUUGEE NEWS! D’Alus organiséiert déi alleréischte Kéier eng gemeinsam Rees, an dat wonnerschéint Prag!
Méi...Events fir d’Rentrée 2017
Events an Inscriptiounen
Méi...Bis d’next Joer !
Déi ganz Crew, déi de Comptoir ALUS / Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) geschmass huet, seet senge Memberen a Frënn Merci dass sie de Wee bis op eise Stand fonnt hunn an eis och ënnerstëtz hunn. Och en grousse Merci un d’ ACEL – de Studentevertrieder fir déi gutt Organisatioun an dee flotten Owend.
Méi...De Studentebal 2017
Och dëst Joer huet d’ALUS zesumme mat der Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) e Comptoir um De Studentebal 2017. Tickete kritt dir bei de Comité-Memberen. Facebook-Event
Méi...D’Spuerkeess invitéiert
Interessi un engem aussergewéinlechen Job? Da komm op den AfterStudy@SPUERKEESS ! Wat? Workshops & Walking Dinner Wou? 19 Liberté, Luxembourg (aalt ARBED-Gebai) Wéini? den 07/07/2017 ab 17:00 Auer Ech wëll mech aschreiwen Weider Informatiounen fënns du op www.mylittlebigstep.lu
Méi...