De neien ALUS Comité

Léif Memberen, Op der Assemblée Générale vum 23. Mäerz gouf e neien ALUS Comité fir d’Joer 2017/18 gewielt. Seng Zesummesetzung ass folgend: Presidentin: Nadja Poensgen Vize-President an Tresorier: Christophe Rischette Sekretär: Jessi Feltes Partenariats: Daniel Freichel Relation ACEL: Cindy Coelho Events: Catherine Bohnenberger, Olivier Boussong, Philippe Schmit, Candy Steffen Sport: Brian Schmit Webmaster: Kevin Esteves Coopté: Giulia Castellano* *säit der Versammlung vum 27.03.17

Méi...

Entdeck EY!

Du studéiers Finanzen, Ekonomie oder Comptabilitéit an du bass op der Sich no enger Carrière déi dir exzeptionell Experienzen bitt? Den 14ten Abrëll invitéieren mir um 16 Auer exklusiv 20 Studenten an eisem neien Gebai um Kierchbierg fir hinnen eis Firma virzestellen an Employéen op engem Cocktail kennen ze leieren. Mell dech un op eiser Homepage fir an d’Selektioun vum Event ze kommen.

Méi...

Meet & Discover Arendt & Medernach (fir Droit Studenten)

Arendt & Medernach invitéiert:  Chers étudiants, Léif Studenten, Arendt & Medernach vous ouvre les portes d’Arendt House, avenue Kennedy à Luxembourg, le 22 décembre prochain à partir de 16h. Après un court exposé sur l’importance du personal branding et les avantages de la création d’un bon profil LinkedIn, vous rencontrerez nos juristes & avocats qui vous présenteront notre Etude et ses domaines d’expertises au travers d’échanges interactifs. Nous espérons que ces échanges vous ouvriront des perspectives d’orientation et de carrière. Afin de nous permettre d’organiser au mieux ce moment convivial nous vous remercions de bien vouloir nous confirmer votre présence avant le 16 décembre. Merci de cliquer ici pour compléter le formulaire d’inscription.

Méi...

EY Luxembourg

Sichs du en Job oder Stage? EY ass den 22. November 2016 zu Stroossbuerg bei der “Ancien Duane” fir Nowuestalenter kennenzeléiren. De Program: 19:00 – Presentatioun vun EY Lëtzebuerg, Meet & Greet D’Adress: Ancienne Douane 6, rue de la Douane 67000 Stroossbuerg Fir Iech unzemellen schéckt w.e.g. eng Mail mat ären Numm, aktuelle Studium an CV un nadja@alus.lu bis spéitstens de Freiden, 18. November 10h00.

Méi...

Fiederwäissenowend

Léif Memberen, En Mëttwoch den 19. Oktober ab 21 Auer ass Fiederwäissenowend am Café Zouave (3, place St Nicolas aux Ondes). Déi Leit déi den Fiederwäissen net sou gär hunn mee awer en gemittlechen Owend verbréngen wëllen, sinn natierlech och häerzlech wellkom! Am Café gëtt et jo nach aner Saachen ze drénken. Denkt drun är Memberskaart matzebréngen! Fir déi Leit déi nach keng hunn kennen sech déi den Owend selwer bei engem Comitésmember kaafen. Bis en Mëttwoch dann. Mat beschten Gréiss, De Comité

Méi...

Tournée de la Soif

Léif ALUS-Memberen Mëttwoch den 28. September starten mir erëm eis berühmte Tournée de la Soif duerch Stroossbuerg ! Deen Owend huelen mir eng rei vun den beléiftsten Studentecaféen duerch an kucken andeems wou een den beschten an bellegesten Béier kritt. Den Start wier um 19h30 am Zouave (3 Place Saint-Nicolas aux Ondes) an vun do aus ginn mir dann no eisem éischte Béier weider. Cafés, déi deen Owend um Programm stin sinn: Au Zouave, Terminal, Happy hours, Telegraphe, Mémé dans les orties, Elastic Bar, Nelson Pub, Molly malones, Dubliners an Freres Berthom.

Méi...

Fräibéier

Léif ALUS-Memberen Fir iech d’Rentrée ze erliichteren, invitéieren mir Iech nees den Mëttwoch 21.September ab 21h00 am Jimmy’s Bar (30 Quai des Bateliers) op eisen Fräibéier. Dësen Fräibéier ass och an Zesummenaarbecht mat der ANELD an ANESEC! Den Fräibéier ass gratis fir all ALUS-Member ! Den Owend selwer kennt dir är Memberskaart fir 10€ bei eis kafen an kennt soumat och direkt vum Fräibéier profitéieren. Fir op d’Memberslëscht ze kommen, biede mir iech de Formulaire iwwert dëse Link auszefëllen : https://www.inscription-facile.com/form/BZep8zpJrzefsIim1pjH Och d’Memberen vum leschte Joer sinn gebieden den Formulaire auszefëllen. Just déi Leit wou sech fir de Rallye an/oder d’Iessen vun der Woch virdrun schonn agedroen haten, brauchen et net nach eng Kéier ze maachen! Mir freeën eis op iech, De Comité

Méi...

Rallye Découverte

Léif Neu-Ankömmlinge a léif ALUS Memberen, Fir en gudden Start an dat neit Schouljoer an virum allen fir eisen neie Leit hier nei Unisstad méi nozebréngen, organiséiere mir e Rallye duerch Stroossbuerg. Esou leiert dir net nëmmen eist wonnerschéint Stroossbuerg besser kennen mee dir hutt och gläichzäiteg Zäit fir dem Comité all méiglech Froen ze stellen déi iech um Häerze leien. Lass geet et um 17h30 beim Palais Universitaire (Place de l’Université). Fir iech unzemelle fëllt weg bis Denschdes den 13. September um 23h00 dëse Formulaire aus :

Méi...

unicareers.lu

Léif Memberen, Den 23. September 2016 invitéiert d’Uni.lu op déi 3t Editioun vun hirem Salon de recrutement Unicareers.lu. Dëst ass eng gutt Méiglechkeet vir Studenten déi op der Sich no engem Stage sinn oder enger Arabescht. Déi genau Informatiounen an Umeldungsformalitéiten vir un dësem Salon de recrutement deelzehuelen, fannt dir ennert desem Link.

Méi...