REEL 2014 zu München

Vum 16-19ten Oktober war bekanntlech d’REEL 2014 zu München, an Stroossbuerg war mat enger vun den gréissten Delegatiounen vertrueden (méi wéi 10% vun allen REELaner waren Stroossbuerger). Hei een klengen Gruppenfoto op der Insel am Schliersee bei der Schliersbergalm wou mer eisen Sonnden verbruecht haaten. Wéi der selwer um Hannergrond erkennt, hudd der eng verpasst 😉

Méi...

Guide du futur Etudiant 2014/2015

Den Guide du futur Etudiant (GFE) ass ab lo um Site vun der ACEL an der aktualiséierter Versioun 2014/2015 ze kréien. Wéi den Auteur aus eegener Erfahrung kann zielen, lount sech et sech ee Bléck dran ze werfen, fir all méiglech Froen déi een kéint zu senger designéierter Studienstaat hunn. Hei den Link: Guide du futur Etudiant 14/15 Den GFE am Pabeierformat kritt een ab Ufank November op verschiddenen Plaatzen, dorenner z.Bsp an all Spuerkeess Agence, beim CEDIES, op der Uni.lu, beim SNJ, beim CIJ, etc an och op der Studentefoire Mett November.

Méi...

Programm fir d’1t Semester 2014/2015

Léif Memberen an nach-net-Memberen! De viraussichtlechen Eventprogramm vun der ALUS fir dat 1t Semester ass wéi folgt: – Mettwochs, 17.9., ab 17h: Entdeckungs Rallye durch Stroossbuerg fir all neien an aalen Stroossbuerger. Dono ginn mer dann géint 19h30 an den Flam’s Tarte flambée à volonté Iessen, fir dass mer eppes am Mo hunn fir den Fräibéier ;-). Um 21h ass dann am Jimmy’s Bar (30, Quai des Bateliers) den FRÄIBÉIER fir all eis Memberen. Op der Plaaz kritt der dann och äer Memberskaart fir 10€ ze kaafen. – 24.9., owes: eng Tournée de la Soif wou mer kucke ginn a wéiengem Stroossbuerger Café de Béier/Cocktail am beschte schmaacht  – 1.10., owes: ALUS goes Südfrankräich (net wierklech!), mat engem Pétanque-Owend wou de Pastis natierlech net feelen dierf. – 8.10., owes: Spillowend am Café, inklusive Pokertournoi! – 16.10.-20.10.: d’ALUS geet op d’REEL 2014 zu München (Deadline ass den 12. September). – 22.10., owes: Kéis- a Wäinowend an eisem Stammcafé, dem Rock City (24, rue de Poules)!

Méi...

REEL 2014 zu München

Geschter, den 25ten August sinn d’Umeldungen fir d’REEL fir all Comités-Member vun engem Studentecercel opgangen, an den 1ten September um genau 19h geet d’Umeldephase dann och fir all Net-Comités-Member op. Mir roden jidderengem, deen sech fir d’REEL 2014 zu München well umellen , dat dann och direkt um 19h ze maachen, well den Undrang ass rieseg, an et sinn net méi all ze vill Platzen fräi. Aschreiwen kennt der Ierch hei: www.reel.lu/index.php?id=inscription&lang=fr Bezüglech dem Transport fueren wéi all Joer neess d’Busser vum P&R Houwald a vu Dikrech aus fort, mee dëst Joer ass et och méiglech zu Karlsruhe ranzeklammen, wat nawell fir eis Stroossbuerger relativ interessant ass. Bedenkt just, dass der direkt bei der Umeldung musst uginn wou der raklammen wellt.  Weider Informatiounen zum Ooflaaf vun der REEL, den eenzelnen Visiten wéi och den Partner vun der REEL, déi een bei der Umeldung kann uginn fir sein CV ranzeschecken fann dir ënnert www.reel.lu.

Méi...

Studiebäihëllef 2014/2015

Seit dem 1ten August ass de Formulaire fir d’Studiebäihëllef fir d’Schouljoer 2014/2015 um Site vun der CEDIES als PDF erhältlech. D’Formulaire fannt der hei: http://www.cedies.public.lu/fr/actualites/2014/08/Aide-financiere/index.html D’CEDIES selwer huet wéinst der Reform och nach een “Guide de l’aide financière” geschriwen, deen der ënnert dem selweschten Link roflueden kënnt. An dësem Zesummenhang huet d’ACEL och een “HowTo Studiebäihëllef” geschriwen, deen eventuell Froen beim Ausfellen vum Formulaire beäntwere soll, an wou een och nach eng Kéier een Résumé vun der neier Zesummensetzung vu Bourse a Prêt fënnt. Dat Ganzt steet hei zum Download bereed: http://acel.lu/publications/howto-studiebaihellef Außerdem gëtt et nach ee Simulator vun der CEDIES, wou jiddereen ausrechnen ka wat en wahrscheinlech un Bourse a Prêt kréie wäert. Link: http://portal.education.lu/etudes/Home.aspx

Méi...

Reform vun der Studiebäihëllef gestëmmt

Nodeems de Projet de Loi an der Kommissioun mat der Majoritéit vun de Stëmmen ugeholl gouf, war haut den decisiven Vote iwert d’Reform vun der Aide financière an der Chamber. D’Reform vun der Studiebäihëllef gouf an der Chamber, mat 32 zu 28 Stëmmen, ugeholl.  D’ACEL, eisen Dachverband, huet ënner anerem um Projet de Loi matgeschafft, an haat eng Reih Amendementer proposéiert, déi schlussendlech och duerchkomm sinn an a de Projet mat eragefloss sinn. Trotzdem, seet d’ACEL, ass et bislo nëmmen ee Schratt an déi richteg Richtung, an et muss een de Projet weider evaluéiren an verbesseren, falls noutwendeg. Hei kënnt der Iech nach eng Kéier der ACEL hier genau Positioun zur Reform vun der Aide-fi durchliesen: KLICK MICH

Méi...

De Studentebal, 18.07

Och dëst Joer ass d’ALUS rëm um Studentenbal vertrueden! Mir hunn zesummen mat den Karlsruher ee Comptoir, an selbstverständlech kritt der bei eis och eise Special Drink, den Hot Lion. Dat ganzt ass den 18ten Juli um Bouillon. VVK gëtt et bei allen ALUS Comités Memberen! Hei den Link zum Facebook-Event

Méi...

Neien Site

Léif Memberen, Eisen neien Site ass ab lo online. Hei fann der wéi üblech eisen Guide du futur Strasbourgeois an allerlee News, wéi z.Bsp zur Bourse Reform. Nei ass, dass een ab lo och op eisem Site kann kucken, wéini déi nächst ALUS Eventer sinn. Un deser Plaz dann nach eng Kéier ee décke Merci un de Fränk Klein (Automattic) an de Fränz Friederes (Webmaster ACEL) fir déi vill Hëllef!

Méi...