Rallye Découverte

Léif Neu-Ankömmlinge a léif ALUS Memberen,

Fir en gudden Start an dat neit Schouljoer an virum allen fir eisen neie Leit hier nei Unisstad méi nozebréngen, organiséiere mir e Rallye duerch Stroossbuerg. Esou leiert dir net nëmmen eist wonnerschéint Stroossbuerg besser kennen mee dir hutt och gläichzäiteg Zäit fir dem Comité all méiglech Froen ze stellen déi iech um Häerze leien.

Lass geet et um 17h30 beim Palais Universitaire (Place de l’Université).

Fir iech unzemelle fëllt weg bis Denschdes den 13. September um 23h00 dëse Formulaire aus :


Nom Rallye ginn mir an den Brasseur (22, rue des Veaux), Tartes Flambées à volonté iessen (14€), wou natierlech och al bekannten Gesiichter wëllkomm sinn 😉

Mëllt iech weg och fir d’Iessen iwwert de Formulaire un.

Opgepasst! Fir d’Iessen sinn d’Platzen op 130 limitéiert, also mellt Iech frei genuch un !

Treffpunkt fir déi wou net beim Rallye matmaachen ass um 20h00 virum Brasseur (22, rue des Veaux).


Virum Rallye an während dem Iessen besteet schonn d’Méiglechkeet eng Memberskaart (10€) bei eis ze kafen an en ALUS Memberspullover (25€) ze bestellen.

Natierlech ginn et och Virverkafsticketen (5€) fir eise Rentrésbal “Smoke on the Water” den 23. September am M-Club.

Mir freeën eis op iech,

De Comité