Iwwerweis eis Suen iwwer Digicash

Mir akzeptéieren och Digicash Paiementer!

Sief et fir eng ALUS Memberskaart bei eis ze kafen, op engem vun eisen Intercercle eppes ze bezuelen oder einfach fir en Event ze bezuelen, luet einfach d’Digicash App vun denger Bank erof a scho kanns du eisem Digi-Storchi Geld op praktescher a secherer Aart a Weis zoukomme loossen.

Vergiess net dem Digi-Storchi seng Nummer ze späichere fir nach méi Zäit ze gewannen! Scann dofir einfach dëse QR-Code oder, wann’s du grad schonn um Handy bass, klick einfach drop (+352 621 777 459).
Info: Wärend der Iwwerweisung kennt den Numm vun eisem aktuellen Tresorier dohinner stoen.

Tipp: Op deenen meeschten Geräter ass en QR-Code Scanner an der normaler Kamera-App integréiert – einfach opmaachen an de Code uviséieren.

Op iOS muss och Safari benotzt ginn fir dass de Link beim Uklicken funktionéiert.