Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

ALUS Goes Prague

23. Februar um 23:00 - 26. Februar um 23:00

Event Navigation

Wéini?

Freides den 23. Februar bis Méindes den 26. Februar 2018 (dat ass den éichten Weekend vun der Fuesvakanz).

Départ

Freides Owes um 23:00 zu Stroossbuerg fort, ma fueren iwwert d’Nuecht an kommen géint 8:00h moies un.

Retour

Méindes owes um 23:00h zu Prag an Arrivée moies géint 8:00h zu Stroossbuerg.

Wéi?

Ma fueren mat engem privaten Flixbus vun Stroossbuerg aus ob « Prag 1 » bei eisen Hotel.

Hotel

Umeldung an Bezuelen

    • D’Platzen sinn ob 49 limitéiert + 15 op der Wardelëscht.
    • Fir sech unzemellen, dem Olivier eng Mail maachen

  • Z’Iwwerweisen sinn d’Suen ob den ALUS Konto (BCEELULL / IBAN LU83 0019 2955 2436 2000), mat als Communiqué PRAG 2018 + Numm.
  • Ofmellen, nodeems een sech ugemellt huet an bezuelt huet kritt een bei enger Annulatioun seng Suen net mei zeréck, et kann een awer en Ersatz sichen.

Präis

De ganzen Trip kascht 200€, déi beinhalten den Transport mam Bus, den Hotel, 3x Owesiessen an eng Faart mam « Hop On and Off » Bus.

Programm

Dat heiten ass den provisoreschen Programm, de Comité wäert dësen an deenen nächsten Wochen komplettéieren an genau ausschaffen.

Natierlech ass et jidderengem Frei iwwerlooss ob en mat erausgeet oder d’Cafétour matmëscht.

Samschdes:

  • 8h ukommen an Bagagen am Hotel ofsetzen
  • Petrin Berg besichen & Fräizäit
  • Zëmmeren kréien ma ab 2
  • Mëttesrascht bis 4
  • Cafétournée an Kombinatioun mat der Aalstat (Karlsbrücke, Der Altstädter Ring, Astronomische Uhr, Das Tanzende Haus, John-Lennon-Mauer,..)
  • Gemeinsamt Owesiessen
  • Virdrénken & Erausgoen

Sonndes:

  • Ausschlofen & Fräizäit
  • Am Nomëtten géint 2 « Hop off and On Tour » mam Bus.
  • « The Pub » (Café mat eegener Zaabanlage um Dësch)
  • Owesiessen
  • Party

Méindes:

  • Ausschlofen & Auschecken
  • am Nomëtten Visite vun der Buerg vun Prag (Prager an Veitsdom) & Letná Park (Metronom an Biergaart mat vue iwwert Prag)
  • Fräizäit
  • Owesiessen
  • 23:00h Retour ob Stroossbuerg

Bei Froen oder soss iergendeppes kennt der déi gären engem aus dem Comité stellen. Well dat déi éischten kéier ass dat den Comitéë sou eng Rees organiséiert sinn mir oppen vir all Iddi, Propose oder Virschlag deen dir hutt. Sieft dëst zu engem geheim Tipp zu Prag, engem coolen Café oder eppes wat dir perséinlech schon eng kéier zu Prag erlieft hutt.

Schreift dem Olivier Boussong einfach wann der eng Idee vir an den Programm hutt, mir sinn ganz flexibel an géifen eis iwwert en Feedback vun ärer Säit freeën.

Äre Comité!

Details

Start:
23. Februar um 23:00
End:
26. Februar um 23:00

Organizer

ALUS
Phone:
+33 1 23 45 67 8
Email:
contact@alus.lu

Venue

Place de l’Étoile
Gare routière de Strasbourg
Strasbourg, 67100 France
+ Google Map