ALUS Memberskaart 2018/19

Op der traditioneller Tournée de la Soif den 19. September 2017

Verschidden Events, wéi de Fräibéier, d’Visite vum Europaparlament oder eist berühmt Partyboot, sinn exklusiv fir d’ALUS Membere reservéiert.

Des Weideren huet een als Member d’Recht op der annueller Assemblée Générale am Fréijoer de neie Comité ze wielen.

Nei fir d’Rentrée 2018: Mir proposéieren ab elo och Stage & Job Offere vun eise Partner, déi een all 2 Méint per Mail geschéckt kritt.

Fir deng Memberskaart ze kréien an ëmmer um lëschte Stand ze si wat d’Studenteliewen zu Stroossbuerg, Events a Weideres ugeet:

– Fëll dëse Formulaire aus;
– Iwerpréif déng Mailbox a bestäteg déng Emailsadress;
– Komm déng Memberskaart fir 10€ op engem vun eisen Events sichen!

Wéi eng Sportart géing dech interesséieren (fir Events) ?