ALUS Memberskaart 2020/2021

Déi meescht Events wéi de Fräibéier, d’Visitt vum Europaparlament, eist berüümt Partyboot, etc, sinn exklusiv fir d’ALUS Membere reservéiert. Des Weideren huet een als Member d’Recht op der annueller Assemblée Générale am Fréijoer de neie Comité ze wielen. Mir proposéieren och Stage & Job Offere vun eise Partner, wann neier sollten publizéiert ginn, gitt dir per Mail informéiert. Fir deng Memberskaart ze kréien an ëmmer um lëschte Stand ze si wat d’Studenteliewen zu Stroossbuerg, Events a Weideres ugeet: – Fëll dëse Formulaire aus; – Iwwerpréif déng Mailbox a bestäteg déng E-Mail-Adress; – Bezuel 10€ per Digicash oder Virement; – Komm déng Memberskaart op engem vun eisen Events sichen! Wéinst der aktueller Lag, ass d’Aschreiwung iwwert den Site an bezuelen am Viraus per Digicash oder Virement, déi eenzeg Méiglechkeet sech eng Memberskaart ze verschafen!