Reform vun der Studiebäihëllef gestëmmt

Nodeems de Projet de Loi an der Kommissioun mat der Majoritéit vun de Stëmmen ugeholl gouf, war haut den decisiven Vote iwert d’Reform vun der Aide financière an der Chamber.

D’Reform vun der Studiebäihëllef gouf an der Chamber, mat 32 zu 28 Stëmmen, ugeholl

D’ACEL, eisen Dachverband, huet ënner anerem um Projet de Loi matgeschafft, an haat eng Reih Amendementer proposéiert, déi schlussendlech och duerchkomm sinn an a de Projet mat eragefloss sinn. Trotzdem, seet d’ACEL, ass et bislo nëmmen ee Schratt an déi richteg Richtung, an et muss een de Projet weider evaluéiren an verbesseren, falls noutwendeg.

Hei kënnt der Iech nach eng Kéier der ACEL hier genau Positioun zur Reform vun der Aide-fi durchliesen: KLICK MICH