Programm fir d’1t Semester 2014/2015

Léif Memberen an nach-net-Memberen!

De viraussichtlechen Eventprogramm vun der ALUS fir dat 1t Semester ass wéi folgt:

– Mettwochs, 17.9., ab 17h: Entdeckungs Rallye durch Stroossbuerg fir all neien an aalen Stroossbuerger.

Dono ginn mer dann géint 19h30 an den Flam’s Tarte flambée à volonté Iessen, fir dass mer eppes am Mo hunn fir den Fräibéier ;-). Um 21h ass dann am Jimmy’s Bar (30, Quai des Bateliers) den FRÄIBÉIER fir all eis Memberen. Op der Plaaz kritt der dann och äer Memberskaart fir 10€ ze kaafen.

– 24.9., owes: eng Tournée de la Soif wou mer kucke ginn a wéiengem Stroossbuerger Café de Béier/Cocktail am beschte schmaacht 

– 1.10., owes: ALUS goes Südfrankräich (net wierklech!), mat engem Pétanque-Owend wou de Pastis natierlech net feelen dierf.

– 8.10., owes: Spillowend am Café, inklusive Pokertournoi!

– 16.10.-20.10.: d’ALUS geet op d’REEL 2014 zu München (Deadline ass den 12. September).

– 22.10., owes: Kéis- a Wäinowend an eisem Stammcafé, dem Rock City (24, rue de Poules)!

– 3.11., owes: D’ALUS geet an d’Soccerhaal op Bischheim

– 13.11.-14.11.: d’ALUS geet op d’Studentefoire op de Kierchbierg!

– 20.11., owes: Tarte flambée iessen mat eise Kolleege vu Karlsruhe

– 26.11., owes: Mir gi Bowling an de Parc de l’Orangerie spillen.

– 3.12., owes: Quizowend am Rock City, dee beschte Grupp kritt e Cadeau vum Kleeschen héichstperséinlech 

– 6.12., ab nomëttes: Eise berühmte Nikloossrallye iwwert de Stroossbuerger Chrëschtmaart, mat uschléissender Tarte Flambée à volonté! 

– 10.12., ab 17h00: Tournée du Vin Chaud iwwert de Chrëschtmaart, wou mer dee beschte Glühwäin vu Stroossbuerg kréinen 

– 20.12., Melusina (Clausen): eise Bal Äiskal mat de Karlsruher Studenten, wou mer och eise Special Drink, den HotLion, verkaafen!

De Programm gëtt bei Bedarf aktuell gehaal. Fir weider Froen kennt der Ierch beim ALUS Comité mellen.