Eisen Guide du futur Strasbourgeois (GFS) an der aktueller Versioun 2015/2016 fannt Dir ab elo op eisem Site ënnert der Rubrik « Guide du futur Strasbourgeois » fir ze kucken an och fir en als PDF ze downloaden.
Op der Studentefoire dës Woch wäerten mir eisen GFS dann och als Pabeierversioun un d’interesséiert Schüler an Studenten verdeelen. E puer wäerten mer der awer haalen fir d’nächst Joer während dem « Student fir 1 Dag », organiséiert vun der ACEL, dann nach un déi jeeweileg Teilnehmer ze verdeelen.
Maacht Ierch also bei, well déi éischt sinn fir! 🙂