Route du Vin 2016

D’Route du Vin dëst Joer ass den 2ten Abrëll an féiert eis dëst Joer op Riquewihr. Wéi och Eguisheim, wou mer d’lescht Joer hin waren mat der Route du Vin, zielt och Riquewihr zu engem vun den “plus beaux villages de France”. Mat sengem authenteschen, nach aus dem 16ten Jorhonnert erhalenen Staatbild, ass Riquewihr also déi ideal Adress fir eis destjähreg Route du Vin.

Treffpunkt ass PÜNKTLECH um 8h00 vierum Appartementshaus “Colisée” (6, rue de Rome). Umellen kann een sech ënnert folgendem Link HEI KLICKEN. Offiziell ugemellt ass een réischt, wann een op eisen Konto bei der Spuerkeess BCEELULL IBAN LU83 0019 2955 2436 2000 dann och nach 35€ mam Vermierk: “RdV Numm Virnumm” iwwerwisen huet.

NEI DEST JOER ass, dass mir dëst Joer all nach owes zesummen Iessen ginn. Dest ass à la carte an NET an deenen 35€ mat abegraff, jiddereen muss sein Iessen selwer bezuelen. Fir eng Ahnung ze hunn wéivill Leit owes mat wellen iessen goen an am Restaurant kennen ze reservéiren, géifen mer Ierch bieden, um Umeldungslink bei “Owesiessen zu Stroossbuerg” mat Jo oder Nee ze äntweren.

Fir all weider Informatiounen, kënnt der eist Facebook Event kucken.