Reschtprogramm vun den Eventer fir d’2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Densdes, 17.03 : St Patricks Tournée – Densdes, 31.03 : Beerpong Turnéier – Mettwochs, 8.04 : Lasertag – Samsdes, 11.04 : Route du vin – Mettwochs, 15.04 : Bubble Bump (ULTRA GEIL http://bubblebump.fr/en-image) – Samsdes, 18.04 : Student fir 1 Dag ( https://www.facebook.com/events/1560867777500285/ )

Méi...

Eventprogramm 2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Mettwoch, 21.1., Tournée de la Soif  – Detailer komme no! – Mettwoch, 28.1.: Tournée de la Faim, mat uschléissendem Shottenowend – Mettwoch, 4.2.: Partyboot (Datum an Auerzäit vun den Umellungen deele mer Ierch nach mat) – Donnesches, 5.2.: Soirée mat Clifford Chance – Densdes 10.2.: Visite vum Europaparlament mam Charles Goerens – Mettwochs, 11.2. Assemblée Générale vun der ALUS D’Events dono ginn vum neien Comité festgesaat, et wäert also noom 11ten een geupdaten Programm rauskommen.

Méi...

Tournoi de Noel 2014

  Am Fussball gëtt d’ALUS schlussendlech onglécklechen 4.! Punktgleich mat München an Bastnech hunn mer schlussendlech bei der Goaldifferenz géint béid Cercelen verluer. Gewonnen huet d’Uni.lu, 2ten gett München an 3ten Bastnech.  Resultater vum 1ten Daag: Am Volleyball sinn mer 7/18 an am Basket 11/19 ginn.

Méi...

REEL 2014 zu München

Vum 16-19ten Oktober war bekanntlech d’REEL 2014 zu München, an Stroossbuerg war mat enger vun den gréissten Delegatiounen vertrueden (méi wéi 10% vun allen REELaner waren Stroossbuerger). Hei een klengen Gruppenfoto op der Insel am Schliersee bei der Schliersbergalm wou mer eisen Sonnden verbruecht haaten. Wéi der selwer um Hannergrond erkennt, hudd der eng verpasst 😉

Méi...

Programm fir d’1t Semester 2014/2015

Léif Memberen an nach-net-Memberen! De viraussichtlechen Eventprogramm vun der ALUS fir dat 1t Semester ass wéi folgt: – Mettwochs, 17.9., ab 17h: Entdeckungs Rallye durch Stroossbuerg fir all neien an aalen Stroossbuerger. Dono ginn mer dann géint 19h30 an den Flam’s Tarte flambée à volonté Iessen, fir dass mer eppes am Mo hunn fir den Fräibéier ;-). Um 21h ass dann am Jimmy’s Bar (30, Quai des Bateliers) den FRÄIBÉIER fir all eis Memberen. Op der Plaaz kritt der dann och äer Memberskaart fir 10€ ze kaafen. – 24.9., owes: eng Tournée de la Soif wou mer kucke ginn a wéiengem Stroossbuerger Café de Béier/Cocktail am beschte schmaacht  – 1.10., owes: ALUS goes Südfrankräich (net wierklech!), mat engem Pétanque-Owend wou de Pastis natierlech net feelen dierf. – 8.10., owes: Spillowend am Café, inklusive Pokertournoi! – 16.10.-20.10.: d’ALUS geet op d’REEL 2014 zu München (Deadline ass den 12. September). – 22.10., owes: Kéis- a Wäinowend an eisem Stammcafé, dem Rock City (24, rue de Poules)!

Méi...

REEL 2014 zu München

Geschter, den 25ten August sinn d’Umeldungen fir d’REEL fir all Comités-Member vun engem Studentecercel opgangen, an den 1ten September um genau 19h geet d’Umeldephase dann och fir all Net-Comités-Member op. Mir roden jidderengem, deen sech fir d’REEL 2014 zu München well umellen , dat dann och direkt um 19h ze maachen, well den Undrang ass rieseg, an et sinn net méi all ze vill Platzen fräi. Aschreiwen kennt der Ierch hei: www.reel.lu/index.php?id=inscription&lang=fr Bezüglech dem Transport fueren wéi all Joer neess d’Busser vum P&R Houwald a vu Dikrech aus fort, mee dëst Joer ass et och méiglech zu Karlsruhe ranzeklammen, wat nawell fir eis Stroossbuerger relativ interessant ass. Bedenkt just, dass der direkt bei der Umeldung musst uginn wou der raklammen wellt.  Weider Informatiounen zum Ooflaaf vun der REEL, den eenzelnen Visiten wéi och den Partner vun der REEL, déi een bei der Umeldung kann uginn fir sein CV ranzeschecken fann dir ënnert www.reel.lu.

Méi...

De Studentebal, 18.07

Och dëst Joer ass d’ALUS rëm um Studentenbal vertrueden! Mir hunn zesummen mat den Karlsruher ee Comptoir, an selbstverständlech kritt der bei eis och eise Special Drink, den Hot Lion. Dat ganzt ass den 18ten Juli um Bouillon. VVK gëtt et bei allen ALUS Comités Memberen! Hei den Link zum Facebook-Event

Méi...