Läscht Woch huet nees den Traditionellen Tournoi de Noël vun der ACEL um Campus Geesseknäppche stattfonnt. Do war d’ALUS wéi gewinnt an den 3 Sportaarte vertrueden an hat och seng trei Supporteren an den Tribüne setzen. Och wann mir et a kenger Sportaart op de Podium geschafft hunn, hunn eis Equippen trotzdeem gutt d’Faarwe vu Stroossbuerg verteidegt an dofir soe mir iech nach en ganz grousse MERCI an och un eis Supporteren datt se eis Spiller gutt ugefeiert hunn! Mir hoffen datt jiddereen eng flott Zäit hat an och d’nächst Joer nees dobäi wier. Äre Comité
Méi...Catégorie : Fotoen
REEL zu Köln/Bonn
Läscht Woch huet déi 33. Editioun vun der REEL zu Köln a Bonn statt fonnt. Wéi gewinnt, war d'ALUS och dobäi mat enger… Gepostet von ALUS am Mittwoch, 27. September 2017
Méi...Bis d’next Joer !
Déi ganz Crew, déi de Comptoir ALUS / Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) geschmass huet, seet senge Memberen a Frënn Merci dass sie de Wee bis op eise Stand fonnt hunn an eis och ënnerstëtz hunn. Och en grousse Merci un d’ ACEL – de Studentevertrieder fir déi gutt Organisatioun an dee flotten Owend.
Méi...Student fir 1 Dag
De 15. Abrëll war nees Student fir 1 Dag zu Stroossbuerg ugesot an esou huet och d’ALUS eng 34 Schüler empfaangen, informéiert a hinnen e bësse vun der schéiner Stad gewisen.
Méi...Tournée de la Soif – 28.09.16
Mir soen jidderengem Merci deen ob Tournée de la soif war !Een Comité ass näischt ouni seng Memberen Posted by ALUS on Dienstag, 4. Oktober 2016
Méi...ALUS @ Studentefoire 2015
Och dëst Joër ass d’ALUS rëm op der Studentefoire vertrueden, an dat um Stand 2C20 an der Hal 1 hannen lénks! Am Gepäck hunn mer eisen Guide du futur Strasbourgeois an d’Lidder- an Kachbuch vun der ACEL, fir déi Leit déi interesséiert sinn! Kommt bis laanscht an diskutéiert mat eisen Leit iwert d’Universitéit an d’Lierwen zu Stroossbuerg, sou wéi och iwer eisen Studentecercel!
Méi...Visite vum Europaparlament mam Charel Goerens
Oflaaf vun der Visite: 17:00 Arrivée beim Europaparlament17:30-18:30 Débat mam Charel Goerens18:30 Gruppefoto18:45-19:15 Visite vun der Tribün / Nolauschteren vun der Plénière 20:00-22:00 Owesiessen am Restaurant “Le Pont Saint Martin” mam Charel Goerens
Méi...D’Niklosrallye an der Stroossbuerger Zeitung!
© Jessica Leuck Eist alljährlech Niklosrallye, traditionell ëmmer op Kleesserchersdag, huet et bis an d’Zeitung (DNA – Dernières Nouvelles d’Alsace) gepackt. Domadder dierft dann och lo sou munchen Elsässer wëssen, dass et eis gëtt, an, dass mer all Joer eis Niklosrallye organiséiren! 🙂
Méi...Tournoi de Noel 2014
Am Fussball gëtt d’ALUS schlussendlech onglécklechen 4.! Punktgleich mat München an Bastnech hunn mer schlussendlech bei der Goaldifferenz géint béid Cercelen verluer. Gewonnen huet d’Uni.lu, 2ten gett München an 3ten Bastnech. Resultater vum 1ten Daag: Am Volleyball sinn mer 7/18 an am Basket 11/19 ginn.
Méi...