Schéi Feierdeeg

Den ganzen ALUS Comité wënscht allen Memberen schéin Feierdeeg! Mir wollten Iech Alleguerten dann och Merci soen fir dat flott Semester. d’Planungen vir d’Summersemester sinn schonn am gaangen an mir freeën eis schonn ob déi nächst Eventer. Mir gesinn eis dann den 17ten Januar um ALUS Fräibéier! Mat beschten Gréiss, Den ganzen ALUS Comité!

Méi...

Invitatioun fir op d’REE 2017

https://www.facebook.com/events/148890162400189/ Léif Memberen, den 22. Dezember fënnt d’REE an der Chambre de Commerce statt. Hei handelt et sech em eng Job-Foire déi vun der ANESEC – Connecting future economists an der ANELD – Association Nationale des Etudiants Luxembourgeois en Droit organiséiert ass. Op der Platz fannt dir interessant Firmen am Beräich vun Eco an Droit, wou och puer vun eise Partner wéi BCEE – Spuerkeess, Arendt & Medernach, Clifford Chance Luxembourg Careers, EY Careers, Commission de Surveillance du Secteur Financier an Chambre de Commerce dobäi sin. Méi Info fannt dir op www.ree.lu an um Facebook Event selwer.

Méi...

De Comité 2017-2018

D’Uni ass elo erëm säit e puer Wochen am Gaang a mir si ganz frou iech zu esou vill op eisen éischten Events konnten ze begréissen. Heimat wëlle mir iech eise Comité presentéieren deen all déi Events fir iech organiséiert an och fir dass eis néi Memberen eng Ahnung hunn wien fir sie do ass falls sie Froen hunn, sief et zu engem Event, zu administrative Saachen, zur Uni oder zum Liewen allgemeng zu Stroossbuerg. Äre Comité 2017-2018

Méi...

Lëtzebuerger Fans vum Racing Club Stroossbuerg

Moien alleguerten, Dëse Message ass virun allem un eis Fussballfans gericht. Et gëtt eng lëtzeboiesch Grupp iwwert de Fussballclub vum Racing Stroossbuerg, déi mëttlerweil an der Ligue 1 spillen. Wanns du intresséiert wiers, eng kéier Matcher mat an de Stadion kucken ze goen oder soss wëlls um lafende bleiwen iwwert Events zum Club dann trëtt dëser Gruppe bei, esou bass de permanent um lafende gehalen. Äre Comité

Méi...

Kenns du d’Carte Jeune?

Du hues keen Auto fir op Stroossbuerg/Lëtzebuerg ze fueren? Oder du fënns keng Platz méi an eiser Matfuergeleeënheeten Gruppe? Dann kuck emol op www.voyages-sncf.com, do misste puer Zich/TGV fannen déi d’Verbindung Stroossbuerg-Lëtzebuerg an ëmgedréint ubidden. Falls du méi oft op den Zuch/TGV zeréckgräife solls, da kéint et sech rentéieren eng Carte Jeune ze maachen, déi dir erméiglech en Zuchbilljee méi bëlleg ze kréien.

Méi...