How to ALUS

Wat ass d’ALUS? D’ALUS ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg, och nach bekannt ënner: l’Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg. Den ALUS-Comité besteet aktuell aus 12 Memberen déi sech zum Ziel gesat hunn, d’Studenten ze integréieren, ze informéieren an hinnen hier Studienzäit mat diversen Aktivitéiten dat ganzt Joer iwwer méi flott ze gestalten.

Fir d’Studenten ze integréiere bidde mir dat ganzt Unisjoer iwwer vill verschidden Aktivitéiten zu Stroossbuerg wei och an der Summervakanz zu Lëtzebuerg un.
Um Ufank vum Schouljoer organiséiert den ALUS-Comité zum Beispill ee Rallye duerch Stroossbuerg, wou een net nëmmen d’Méiglechkeet huet d’Staat besser kennenzeléieren, mee och nei Bekanntschaften ze schléissen.
Och soss gëtt et engem als Member vun der ALUS net langweileg. Dir kennt iech nämlech op flott Fraibeieren, Quizowender oder d‘Partyboot freeën. Mee do halen eis Aktivitéiten nach laang net op. Um Kultur-Programm steet all Joers eng Rees an eng flott Stad, d’Visitt vum Europaparlament an d’Visitt vum Conseil de l’Europe.

D’ALUS probéiert d’Studente reegelméisseg iwwert Baler, Eventer an Evenementer déi vun aneren Studentecerclen aus aner Stied organiséiert ginn ze informéieren.
Fir ëmmer um aktuellste Stand ze bleiwen, kanns du d’ALUS-Säit op Facebook liken oder der ALUS iwwer Instagram (@alus67) followen.
Um op eisem Internetsite stinn och ganz vill Informatiounen. Et lount sech also reegelméisseg eran ze kucken: alus.lu

Wann s du nei zu Stroossbuerg bass, dann ass de Guide du futur Strasbourgeois genau dat richtegt fir dech! Hei fënns du all déi wichteg Informatiounen déi dir bei dengem Start an d’Studenteliewen zu Stroossbuerg hëllefen. Et kann een sech de Guide online um Site eroflueden: alus.lu/gfs

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.