How to Bourse

D’Lëtzebuerger Studenten kennen vun der Finanzieller Hëllef, déi vum Lëtzebuerger Staat ausbezuelt gëtt, profitéieren. Dës Finanzhëllef kanns du dir eng Kéier am Wanter-, an eng kéier am Summersemester beim Cedies – Centre de documentation et d’information sur l’enseignement supérieur ufroen. D’Studiebäihëllef besteet aus zwou Partien: d’Partie Bourse an d’Partie Prêt.

Jiddereen deen op enger Uni oder Héichschoul fir ee Studiegang ageschriwwen ass, egal op fir ee Bachelor, Master oder Doktorat, kann d’Bourse ufroen. D’Bourse ass deen Deel vun der Aide financière, den een net muss zréckbezuelen.
Ënnert dësem Link fënns du fir all Land déi genau Prezisioune, fir wéi eng Uni/Héichschoulen d’Bourse kann ugefrot gi: cedies.public.lu

Den Deel vun der Bourse setzt sech aus folgenden Deeler zesummen:
D’Basisbourse: Dës gëtt un jiddereen ausbezuelt, den eng Bourse ze gutt huet.
D’Mobilitéitsbourse: Dës Bourse gëtt just un déi Studenten ausbezuelt, déi am Ausland engem Studiegang noginn.
D’Sozialbourse: Hei gëtt gekuckt, wei héischt d’Akommes vum Stot ass, an dem s du zu Lëtzebuerg wunns. Deementspriechend variéiert dëse Montant.
D’Familliebourse: Dës gëtt am Geigesatz zu deenen aneren Boursen nëmmen 1 mol am Joer ausbezuelt. Dës kréien och just déi Studenten ausbezuelt, déi nach eng Schwëster oder ee Brudder hunn déi och studéieren.
Bourse fir d’Studiefraisen kritt och jiddereen ausbezuelt, mee hei gëtt just ee Maximal Betrag vun 3700€ am Joer ausbezuelt.

Hei ass et sou, dass wann een nëmmen d‘Bourse hëlt ouni de Prêt an d’Stuidefraise zum Beispill sech op 200€ belaafen, da kritt een 100€ ausbezuelt. Fir déi ganz 200€ ausbezuelt ze kréien, muss een den Prêt huelen. Well mam Prêt kritt een déi 2. Hallschent vun den Fräis d’Inscirption ausbezuelt.

Opgepasst: Fir verschidden privat Uni’en oder Héichschoulen bezilt de Lëtzebuerger Staat keng Bourse aus. Informéiere dech dofir am Viraus beim Cedies ops du eng Bourse ze gut hues oder net.

Des Weideren huet een d’Méiglechkeet ee “Prêt Étudiant / Studenteprêt” unzefroen. Mat dem Prêt kanns du dir op d‘Bank, Suen leien goen, fir weider Käschten, déi wärend dengem Studium ufalen, ze decken. (All Bank huet déi selwecht Konditioune fir d‘Bourse an de Prêt, just d’Offere wat ee gratis vun der Bank dabei geschenkt kritt, variéiere vu Bank zu Bank.) Dëst ass den Deel vun der Finanziellerhëllef den ee spéitstens 2 Joer nom Ofschloss vun der Studienzäit muss ufänken zréckzebezuelen. Hei huet een dann 10 Joer Zäit fir den ganzen Betrag zréck ze bezuelen.

Hei fënns du nach weider Informatiounen iwwert d’Konditiounen an d’Demarchen vun der Aide financière: guichet.public.lu

D’Bourse an de Prêt kanns du eemol fir d’Wantersemester ufroen (vum 1. August bis den 30. November) an eemol am Summersemter (vum 1. Januar bis den 30. Abrëll).

D’Studiebäihëllef kann een ganz einfach iwwert myguichet.lu ufroen. Dëst kanns du ënnert folgendem Link maachen an dann op „ Accéder à la démarche” klicke fir deng Demande online ze maachen: guichet.public.lu

Wanns du dech bis mat dengem Token connectéiert hues brauchs du just nach “Sélectionnez une démarche” auszewielen, “CEDIES : Demande d’aide financière de l’Etat pour études supérieures – Semestre d’hiver” ze sichen an d’Demande ze kreéieren. Ab hei muss du all déi gefroten Donnéeën uginn an Dokumenter roplueden. Wann dat gemaach ass, muss du deng Demande natierlech och ofschécken.
No enger Rei vun Deeg kriss du per E-Mail Bescheed gesot op eppes feelt oder op deng Demande vollstänneg ass.

Opgepasst: All Demande muss bis zur uwen genannter Deadline vollstänneg sinn, sos kritt een keng Finanziellhëllef ausbezuelt.

Du kanns deng Demande awer och iwwert den klassegen Wee maachen, an den Formular op der Hand ausfëllen an alles per Post un den Cedies schécken. Hei fënns du den Formular: guichet.public.lu

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.