How to CAF

CAF (CAISSE D’ALLOCATIONS FAMILIALES)

A Frankräich huet all Student ee Recht op eng staatlech finanziell Hëllef déi een vun der CAF kritt. Den Montant kann jee no Situatioun variéieren. Hei gëtt gekuckt op een eleng Wunnt, an enger Colocatioun wunnt an op een eng lëtzebuergesch Bourse kritt. Fir d’CAF unzefroen gees de am beschten op d’Internetsäit vun der CAF (caf.fr). Et handelt sech heibäi em eng “aide au logement”.

Déi néideg Dokumenter déi s du fir deng Demande brauchs sinn an engem PDF-Dokument opgelëscht wat s de direkt no denger Demande erofzeluede kriss.

Heiansdo mussen déi eng méi Dokumenter raschécken wei déi aner. Doduerch kann also d’Prozedure fir all déi néideg Dokumenter ran ze schécken bei deenen engen méi laang daueren wei bei aneren, ouni spezifeschen Grond. MEE, ab deem Moment wou een seng Demande ran geschéckt huet, leeft d’Periode wou un een vun der CAF Suen ze gutt huet. Soubal een dann all déi néideg Dokumenter ageschéckt huet, kritt een déi Suen déi een bis Dato ze gutt huet iwwerwisen, an dann all Mount den fixen Montant.

Säit Juli 2016 ass ee neit Gesetz a Kraaft getrueden. Dëst Gesetz huet den Pla – fong vum Loyer, fir kënnen vun der CAF ze profitéieren, erofgesat. Fir déi Leit déi eleng wunnen geet den Montant vun der CAF erof wann hiren Loyer tëschent 638€ an 791€ de Mount läit. Fir déi Leit, déi zu zwee, oder an enger Koppel wunnen, geet den Montant vun der CAF erof wann si en Loyer vun iwwer 781€ pro Mount hunn.

Wann een also iwwer deenen Montanten Loyer pro Mount läit, geet de Montant vun der CAF per Tranche erof wat de Loyer méi héich ass. Déi genau Informatiounen dozou fënns du op caf.fr wou och eng genau Tabell mat deene verschiddene Montanten opgelëscht ass. Stroossbuerg läit an der «Zone 2».

Verschidde Studenten kruten och scho mol vun der CAF een Ziedel op deem steet, dass säin Titre de séjour net méi gëlteg wier. Als Lëtzebuerger Student brauche mir keen Titre de séjour well mir ënnert den Status vum Étudiant européen falen.

Am beschte schéckt een hinnen dann eng Kopie vun der Sécurité sociale Kaart eran, ewéi een aktuelle Certificat de scolarité an eng Kopie vun senger Carte d’identité.

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.