How to CVEC

Säit dem Joergang 18/19 muss all Student deen an engem franséischen Etablissement studéiert d’CVEC (Contribution Vie Etudiante et de Campus) bezuelen, éier en sech definitiv op der Uni ugemellt kritt! Dorënner falen och mir Lëtzebuerger. Dës Fraisen gi net vum Cedies zréck bezuelt. Fir de Joergang 20/21 leit dësen Montant bei 92€.

Fir d’CVEC ze bezuelen muss een sech als aller éischt een Kont op dem Site messervices.etudiant.gouv.fr uleeën. Mat dem Kont kann een sech dann op cvec.etudiant.gouv.fr umellen fir d’CVEC unzefroen. Du kanns dann direkt mat enger Visa- oder MasterCard online bezuelen oder bei enger franséischer Post mat engem “Avis de paiement”, deens du um Site kriss, bor bezuelen. Nodeems dat gemaach ass, kriss du per E-Mail eng Attestatioun vun der Bezuelung geschéckt.

Bei der Aschreiwung op der Uni gëss du dës Attestatioun gefrot, dofir ass et ganz wichteg d’CVEC virdrun ze bezuelen.

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.