How to Stroum & Internet

Wann s du deng Wunneng bis fonnt hues, sinn déi zwee wichtegst Punkte Stroum an Internet!

Fir an denger neier Wunneng net am Däischtere setzen ze mussen, muss du dech bei Energies Strasbourg (ES) umellen. Dat kanns du och kanns einfach iwwer hire Site maachen andeems du dir do een Account erstells. Ob dengem Account hues du dann Zougrëff ob däin Espace client an allerlee Funktiounen. Ganz praktesch ass hei d’Funktioun “prélèvement automatique”, wou deng Rechnungen automatesch iwwerwise ginn sou dass du et och net vergiessen wäerts.

Wat vill Leit net wëssen ass dat de Montant u Stroum dee verbrauch gëtt nëmme geschat gëtt a meeschtens net dengem reelle Verbrauch entsprécht.
Sou kann et virkommen, dass du an der Vakanz eng deier Rechnung kriss, obwuel s du kee Stroum verbraucht hues. Mee keng Panik, an dengem Kont hues du d’Funktioun “Estimer ma facture”, wou s du de richtege Stroumverbrauch kanns uginn (dee kanns du um Compteur noliesen), dono kriss du dat, wat s du ze vill iwwerwisen hues, vun ES zréck bezuelt.

Wann s du bis Stroum hues, brauchs du natierlech nach Internet. Zu Stroossbuerg fënns du verschidden Operateuren déi Packages ubidde wou Internet, Telefon a Fernsee dra sinn. 
Déi meescht kaschten em déi 30€ de Mount. Natierlech kommen bei der éischter Rechnung d’Frais d’Activation dobäi an de Fait dass vill Ubidder ee mat Offeren a Klausele bombardéieren, déi meeschtens nach extra kaschten.

Hei muss du natierlech just dat huelen, wats du och wierklech brauchs. Looss dir net eppes undréinen wat fir dech net noutwendeg ass.
Dat éischt Joer kritt een oft eng Offer wou d’Abonnement wärend engem Joer méi bëlleg ass a wou ee réischt no engem Joer de vollen Tarif bezuele muss. Hei muss du oppassen, dass du däin Abonnement mat Zäit kënnegs wann s du no engem Joer net de vollen Tarif bezuele wëlls.
An der Offer mat dran ass onbegrenzt Telefonéieren op Festnetzer a ganz Europa an Internet 16-32 Mbits/s. A punkto Fernsee kritt een als Basis nëmme franséisch Senderen ugebueden, fir däitsch Chaînen muss du extra bezuelen. D’Umeldung dauert 1-3 Wochen a gëtt meeschtens iwwer Internet gemaach oder du gees ob d’Platz an de Buttek wou si dir dat maachen. 
Dono kritt ee per Post eng “Box” geschéckt iwwert déi den Internet, den Telefon an den Fernsee leeft.

Opgepasst: Oft brauchs du eng franséisch Handy- oder Telefonsnummer fir dass du mat dem Ubidder ee Rendez-vous kanns ausmaachen a fir dass sie sech bei dir melle kennen, wann sie dir deng Box installéiere kommen oder de RDV verleeë mussen. Hei kanns du einfach engem Kolleeg seng franséisch Nummer uginn oder du hellst dir eng Prepaidkaart fir ongeféier 10€.

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.