How to Transport

Wann een zu Stroossbuerg studéiert, wëll een och mobil sinn.

Trajet Stroossbuerg <-> Lëtzebuerg

Mam Auto:
Fir d’Studenten, déi léiwer bei engem am Auto wëlle vun Lëtzebuerg aus bis op Stroossbuerg an ëmgedréint matfueren, bidde mir e spezielle Service un: eise Facebook-Grupp Matfuergeleeënheeten Lëtzebuerg-Stroossbuerg (alus.lu/ matfueren) erlaabt et dir, Offeren an Demanden ze posten fir dann een oder méi Studenten matzehuelen oder vun anere Studente matgeholl ze ginn. An der Reegel gëtt 10€ gefrot fir mat engem matzefueren.

Mam Zuch:
Et kann een och den TGV vun der Stater-Gare aus huelen. Wann s du méi oft mam TGV oder mam normalen Zuch wëlls op Stroossbuerg fueren, rode mir dir, eng “Carte Jeune” (50 Euro/Joer) vun der SNCF unzeleeën, Fir méi genau Informatiounen, kanns du dech bei der Mobilitéitszentral zu Lëtzebuerg mellen.

Péage:
Wann een iwwert déi franséisch Autobunn op Stroossbuerg fiert, muss een um Wee duerch de sougenannte Péage fueren. Op dëser Platz bezilt een ee gewëssen Montant mat deem d’Stroossen a Frankräich nei gemaach ginn.

Wann een op enger Péage-Gare ukomm ass, kann een do mat enger Visaskaart bezuelen, wat relativ séier geet oder eben mat borem Geld.

Wann een awer elo net ze vill Zäit beim Péage verbrénge wëll, kann ee ganz einfach op den Télépéage zréck gräifen andeems een ee “Bip & Go” Badge huet , mat deem een duerch déi Barrière fuere kann, déi extra dofir geduecht sinn. Fir Jonker ënnert 26 Joer kascht de Badge dat éischt Joer näicht. Et muss ee pro Mount also keng Frais de gestion an och keng Mise en service bezuelen. All Mount kritt een eng elektronesch Rechnung geschéckt wou de Montant vun all den Faarten, déi een duerch de Péage gemaach huet, drop stinn.

Fir weider Informatioune kanns du dech beim ACL mellen.

CRIT‘air
Wann ee mat sengem Auto wëll a Stroossbuerg era fueren brauch een eng Emwëltplaquette. Dës heescht a Frankräich “CRIT’air”.

Du kanns deng Vignette ganz einfach online iwwert folgende Site bestellen: certificat-air.gouv.fr
Et dauert ongeféier 3 Woche bis een se ausgestallt kritt an de Präis läit bei 4,21 €.

Mam Flixbus:
Mëttlerweil fiert Flixbus a Co vu Lëtzebuerg op Stroossbuerg an zréck, allerdéngs nach zu onreegelméissegen Zäiten. Dee Bus ass allerdéngs mat 11-25€ méi bëlleg wéi den Zuch. Den Trajet dauert 3 Stonnen.

Sech zu Stroossbuerg deplacéieren:

Vëlo:
Fir sech zu Stroossbuerg selwer ze deplacéieren, ginn et verschidde Méiglechkeeten. Vu dass d’Staat esou kompakt ass kann ee villes zu Fouss maachen. De Vëlo ass mat deene ville Vëlosweeër och eng gutt Alternativ.
Den 13ten September an den 11 Oktober fënnt och eng Bourse aux vélos statt, wou ee fir en bëllege Preis en Vëlo fënnt. Soss fënnt een awer och verschidde Privat Annoncen (leboncoin oder Facebook Marketplace) mat gebrauchte Vëloen. Am beschten hëlt een een, deen net ze deier/nei ass, well déi gäre geklaut ginn. Hei ass et also och wichteg de Vëlo mat engem gudde Schlass ze equipéieren, fir dass du däin Vëlo net sou séier net vun Onéierlechen geklaut kritt.

Vélhop:
Wann s du do kee Vëlo fënns an och net däin eegenen wëlls vun Doheem matbréngen, kann een op de Vélhop zréck gräifen. Dëst ass ee Vëlo deens du dir loune kanns. Sou ee Vëlo kann een op 5 verschiddene Platzen zu Stroossbuerg kréien: Gare, Centre, Université, Schiltigheim, Koenigshoffen.

Fir een normale Vëlo ze loune brauch ee folgend Dokumenter:
– Carte d’identité
– 150 € déi een als Dépôt de garantie hannerléisst an no dem auslafe vum Kontrakt zréck kritt (Bor, per Chèque oder per Kaart)
– Ee justificatif domicile
– Waasser-, Stroum-, Gas- oder Telefonsrechnung
– Avis d’imposition ou certificat de non- imposition
– Quittance d’assurance (incendie, risques locatifs ou responsabilité civile) fir deng Wunneng
– Titre de propriété ou quittance de loyer Studentekaart.

All Vëlo ass mat engem Vëlosschlass equipéiert. Et ginn extra Studentenoffere bei deenen een de Vëlo fir 10 Méint ka lounen (et gëtt een den Vëlo dann iwwert d’Summervakanz of).

Méi Informatiounen zu den Tariffer an de Modalitéite fënns du ënnert folgendem Link.

Tram- a Busreseaux:
Stroossbuerg huet een efficacen Tram- a Bussystem deen och d’Regioun ronderëm d’Stad deckt. D’Tariffer fir en Aller simple an en Aller-Retour sinn 1,70 resp. 3,40€. Solls du lo all Dag mam Tram oder mam Bus fuere mussen, rode mir dir en Abonnement ze maachen (27,60€ de Mount / 276 d’Joer). Fir weider Informatioune gees du am beschten op de Site vun der Compagnie des Transports Strasbourgeois : cts-strasbourg.fr.

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.