How to Wunnen

WAT BRAUCH ECH?

Fir d’alleréischt rode mir dir un en franséische Bankkonto op ze maachen. Deen ass onëmgänglech bei ville franséischen Agencë fir däi Loyer an deng Chargë kënnen ze bezuelen.

Oft benotzen se nach Chèquen, déi et bei eis net méi ginn. Dësen ass awer net obligatoresch bei allen Agencen, zemools entre Particuliers ass et oft egal op franséischen oder lëtzebuergesche Bankkonto sou laang et mam bezuele klappt.

Hei awer opgepasst wann ee bis en bestëmmten Dag vum Mount muss bezuelt hunn! En Virement vun engem lëtzebuerger Kont op een franséische Kont dauert méi laang wéi vun engem franséischen op ee franséische Kont. Dës Weideren ass et méi praktesch scho vun Ufank un esou ee Kont ze hunn, well s de fir déi nächst Démarchen ee RIB (Relevé d’Identité Bancaire) vun dengem Kont brauchs (de RIB ass eng 23-stelleg Zuel ënnert der Form xxxxx- xxxxx-xxxxxxxxxxx-xx).

All Bank huet hir eegen Offeren a Konditiounen. Et ass och méiglech de Bankkonto réischt no der Wunnengssich opzemaachen, mee an deem Fall sollt een net ze laang domadder waarden.

E puer Beispiller vu Banken zu Stroossbuerg sinn:
• BNP Paribas
• Crédit Mutuel
• Banque Populaire d’Alsace Société Générale
• Caisse d’Epargne
• Banque CIC
• LCL Crédit Lyonnais

E Rendez-vous kann een am allerbeschten iwwert den Internetsite vun der Bank (Rubrik “devenir client”) oder iwwer Telefon maachen.

E gudde Rot: fänk fréi genuch mat der Wunnengssich un!
Vu datt déi meeschte Fakultéiten d’Examen op Enn Mee an Ufank Juni leeën, ginn no där Zäit déi meeschte Wunnenge fräi. Mir roden dir also, dech schonn am Juni oder och schonn am Mee iwwer Offeren a Konditiounen schlau ze maachen, fir dass de och ouni Problemer eng uerdentlech Wunneng fënns!

WOU SOLL ECH WUNNEN? WOU SOLL ECH SICHEN?

Wou een dann elo schlussendlech wunnen soll, hänkt haaptsächlech dovunner of wat ee studéiert an wéi engem seng Preferenzen sinn:

Entweder et wëll een an engem méi rouege Quartier wunnen, oder do wou dagsiwwer an Owes vill lass ass.
Ënnert unistra.fr, Rubrik “Plan des Campus” kanns du d’Lag vun denger Fakultéit nokucken an d’Distanz tëscht der Uni an de Wunnenge vergläichen.

Opgepasst: Wann’s du Economie wëlls studéiren: AES (Administration Economique et Sociale) an Sciences Economiques et de Gestion sinn an zwee verschidde Gebaier agedeelt!

Am allgemengen wunnen d’Studenten duerch ganz Stroossbuerg verdeelt. Am beléiftsten sinn awer ëmmer nach d’Quartieren ronderëm de Campus Central an d’Alstad.

Dorënner wieren d’Esplanade (rue Jean-Henri Schnitzler, rue de Rome, rue d’Oslo, d’avenue du Général de Gaulle,…), d’Krutenau (rue de Zurich, place de Zurich,…) an de Quartier Forêt Noire (boulevard d’Anvers, rue de l’Yser, boulevard de la Marne, rue de Verdun, avenue de la Forêt Noire,…). Haalt och an der Alstad d’Aen op no fräie Wunnengen, zumools ronderëm d’Place Kléber an d’Place Gutenberg.

LOYER:
D’Héicht vum Loyer hänkt ganz vun der Géigend of wou d’Wunneng läit: z.B. ass d’Orangerie direkt beim Europaparlament en vergläichsweis méi deiere Quartier, wärenddeem d’Esplanade den Duerchschnëtt mécht.

Jee méi ausserhalb d’Wunneng vum Stadzentrum läit, desto méi bëlleg ass se. Sou bezilt ee fir eng Wunneng am Quartier Neudorf oder zu Cronenbourg vill manner Loyer, mee dofir wunnt een dann och ëmsou méi wäit ewech vun der Uni.

Mir roden der dowéinst fir all Wunneng d’Adress op Google Maps nozekucken an de Wee ze Fouss vun dengem neien Doheem bis bei d’Uni oder och bis bei d’Caféen, (well wien wëllt schonn no enger Soirée 5km ze Fouss heem trëppelen) ze iwwerpréiwen.

WOU SOLL ECH SICHEN?

Studentewunnheem
Wann s du an ee Studentewunnheem wëlls wunne goen, kucks de am allerbeschten op adele.org oder op crous-strasbourg.fr no. Studentewunnheemer sinn déi erschwinglechste Wunnméiglechkeet déi een zu Stroossbuerg fënnt, mee d’Wunnengen sin dofir awer deementspriechend kleng gehalen (8-20m2)!

Agencen
Ganz vill Studenten hunn hir Wunneng iwwert eng Agence fonnt. Hei heescht et allerdéngs gedëlleg sinn. Déi meescht Agencen froe ganz vill Pabeieren, déi een esou séier wéi méiglech muss raschécken fir dass een déi Wunneng déi een gären hätt och kritt.

Agencen hunn de grousse Virdeel, dass een eng grouss Unzuel un Offeren gebuede kritt déi s de dann mateneen kanns vergläichen. Meeschtens sinn d’Wunnengen, déi vun enger Agence kommen, an engem gudden Zoustand, mee opgepasst, et ginn och Ausnahmen!

Op fnaim.fr kanns du tëscht all de Wunnengen vun all den Agencen, dir déi Offer raussichen, déi dir am beschte gefällt. Vun do aus kënnt een op de Site vun de jeeweilegen Agencen, wou een nach méi fënnt. Natierlech kann een och direkt bei eng Agence uruffen an no engem Rendez-vous froen.

Beispiller vun Agencen zu Stroossbuerg sinn:
– Hidalgo
– Artim
– A’Primmo
– Immobilière de la Marne
– Immoval
– Beausite Immobilier
– Gestrim
– Immobilière Vauban
– Immoval
– Immobilière Lebel
– Orpi

D’Telefonsnummeren vun de jeeweilegen Agencen sinn op Google ze fannen.
Am Fall wou s du aus denger Wunneng wëlls eraus plënneren, kriss du vun der Agence eng Kënnegungsfrist vun 3 Méint accordéiert. Wat awer vill Leit net wëssen, ass dass Stroossbuerg eng „Zone tendue“ ass. Et kann een seng Kënnegung also och eréischt 1 Mount am Viraus dem Propriétaire oder der Agence erareechen. Dëst muss och vun hinnen ugeholl ginn.

De Nodeel bei den Agencen ass, dass een ufanks eng Kautioun bezuele muss (+-1 Loyer, mee déi kriss du zum Schluss, wann s du eraus plënners, erëm zréck), verschiddener froen dann och nach vill Niewekäschten dobäi, wéi z.B. Frais d’Agence déi ee fir hir Servicer bezuele muss. Opgepasst op dubios Agencen déi scho Sue froen eleng fir d’Wunnenge kucken ze goen. Eng Visitt ass normalerweis gratis!

Ganz wichteg: Wann s du vun Agencen “on vous rappelle” um Telefon gesot kriss, muss de an deene meeschte Fäll selwer puer mol nohaken bis de endlech dat kriss wat s de dir erhoffs.

Privatleit
Bei privaten Offeren hänkt d’Kautioun vum Proprietaire of an ass meeschtens net esou héich wéi bei den Agencen. Och muss ee keng Frais d’Agence bezuelen. Privat Proprietaire kommen engem oft och méi entgéint an maachen et engem sou méi liicht fir eng Wunneng kucken ze goen.

D’Sich no Privatwunnengen ass méi opwänneg wéi mat enger Agence. Op leboncoin.fr an seloger.com stinn déi meeschten Offeren, wann s de schonn zu Stroossbuerg bass kanns de och emol d’Aen ophalen no “à louer” Schëlder, déi an de Fënsteren vu fräie Wunnengen hänken. A grousse Wunngebaier (z.B. op der Esplanade) fënns du an der Entrée d’Telefonsnummer vum Proprietaire. Zéck net do unzeruffen an ze froen ob eventuell Wunnengen an deem Gebai fräi sinn.

Groupe immobilier “De Storchi”
D’ALUS huet ee Grupp op Facebook (alus.lu/immo) wou aktuell an zukënfteg Studenten d’Méiglechkeet hunn, Offeren an Demanden vu Wunnengen an och Miwwelen ze posten.

ÉTAT DES LIEUX TAXE D’HABITATION

Wanns de deng Dramwunneng endlech fonnt hues, brauchs du héchstwahrscheinlech folgend Dokumenter fir eran ze plënneren:
– En RIB (Relevé de l’Identité Bancaire) fir de Loyer
– Déi 3 lescht Fiches de Paie vun dengen Elteren (fir dass d’Cautionnairen hir ‘solvabilité’ iwwerpréiwe kënnen)
– Kopien vun denger Carte d’identité an der vun dengen Elteren (méi wéi nëmmen eng)
– E Certicat d’affiliation (dee kanns de op ccss.lu/certificats bestellen)
– Eng Attestation d’assurance habitation vun denger Assurance.

Fir dës lescht Dokument ze kréien, kanns du d’Assurance vun dengen Eltere froën, am Fall wous de iwwert deng Eltere versëchert bass. Ass dat net de Fall, muss de dech un eng franséisch Assurance wenden. Déi kascht pro Joer nët vill, mee se sëchert dech of am Fall wou dir, denger Wunneng oder denge Wäertsaachen eppes geschitt.
Verschidde Propriétairen akzeptéieren och nëmmen eng franséisch Assurance. Dës kann s du och ganz einfach per Telefon oder per Rendez-vous bei denger franséischer Bank ofschléissen oder bei folgenden Assurancen zu Stroossbuerg: MAAF, MGEL.

ÉTAT DES LIEUX

Eng weider Formalitéit em déi s de dech këmmere muss, ier et lassgeet, ass den État des lieux vun denger Wunneng. Dobäi kucks du mat dengem Proprietaire den Zoustand vun denger Wunneng am Moment wou s du se iwwerhëlls, fir en dann erëm mam Zoustand ze vergläichen wanns de aus dem Gebai eraus plënners.

Vun dohier ass et wichteg, dass den État des lieux uerdentlech gemaach gëtt. Kuck no all klengem Manko an denger neier Wunneng a schreif der alles genau op fir dass keen dir dono unhänke kann, dass de fir dee Schued am Gebai verantwortlech bass dee schonn do war iers du era ge- plënnert bass!

Ausserdeem muss du den État des lieux zum Schluss nach eng Kéier gutt duerchliesen a sécher stellen, dass all klengen an eventuell méi grousse Schued an der Wunneng (Elektresch futti, Rouerbroch, etc.) direkt vun dengem Proprietaire musse reparéiert ginn.

TAXE D’HABITATION

Um franséische Fisc kommen och mir Lëtzebuerger Studenten leider net laanscht. Et gëtt fir eis Lëtzebuerger a Frankräich näischt méi Ominéises wéi déi sougenannten Taxe d’habitation, also eng Wunnsteier, déi een an der Regel eemol d’Joer bezillt. Dës Taxe ass normalerweis eemol de ganzen Loyer iwwert den Domm gerechent, mee dat hänkt ëmmer dovunner of wou d’Wunneng läit, wéiee Stack, wéivill Awunner, asw.

Wann een dës Taxe ze spéit bezillt, kritt een eng Augmentatioun vun 10% op de ganzen Montant vun der Taxe drop gesat. Also rode mir dir, d’Taxe ëmmer am Delai ze bezuelen, och wanns du dës Taxe ufechts a probéiers dech vun der Taxe befreien ze loossen.

Du kanns probéieren dech vun der Taxe d’habitation befreien ze loossen andeems du eng „demande gracieuse“ beim „Centre des Finances Publiques“ dee fir deng Taxe zoustänneg ass (steet um avis d’impôts drop) erareecht. Déi néideg Virlag fënns du um Site vun der ACEL: Link
Mir kënnen dir awer net garantéieren dass dëst klappt. Falls dëst awer klappe sollt, kriss du de bezuelten Montant vun denger Taxe zréck bezuelt.

Bei Froen kanns du dech zu all Moment iwwer Facebook oder per E-Mail () bei eis mellen.