An der Reegel organiséiert d’ALUS zwee Events pro Woch, déi meeschtens Dënschdes an Donneschdes stattfannen. Mir probéieren dobäi e méiglechst ofwiesslungsräiche Programm unzebidden, fir dass fir jiddereen eppes dobäi ass.
Nieft de klassesche Studenten-Soiréeë wéi eisem Fräibéier, dem Partyboot oder dem Beerpongtournoi, organiséiere mir och ab und zu mol kulturell an historesch Aktivitéiten. Dozou gehéieren zum Beispill Visitten am Europaparlament an am Conseil de l’Europe, oder d’Besichtegung vun der Ligne Maginot.
Ausserdeem organiséiert d’ALUS eemol pro Joer eng Rees an eng Stad an Europa an dräi Intercerclen: den Tarte Flambée Intercercle, d’Route du Vin an de Summercup.
All Informatiounen zu den eenzelnen Events, wéi den Datum, de Standuert, de Präis an d’Umeldung, fannt dir op eisem Facebook- an Instagram-Account.
D’ALUS ass natërlech och sportlech aktiv! Mir hunn eng Ekipp am Fussball, am Volleyball an am Basketball, déi eis Faarwen all Joer beim Tournoi de Noël an der Chrëschtvakanz stolz representéieren.
Ween Loscht huet, an enger vun den Ekippe matzespillen, kann dem entspriechende Channel an eiser WhatsApp-Community bäitrieden, fir keng Informatiounen ze verpassen. Dir kënnt eis natërlech och direkt kontaktéieren.
Ausserdeem fënnt an der Reegel eemol d’Woch eisen ALUS-Laftreff statt. Hei lafe mir zesummen duerch Stroossbuerg a suerge bei gudder Stëmmung fir e bëssen Ausgläich zum Studenteliewen.
All Informatiounen zum Laftreff fannt dir am entspriechende Channel vun eiser WhatsApp-Community.