Stroossbuerg

Memberskaart

Fir 20€ kanns du der eng ALUS-Memberskaart séchere, déi fir dat ganzt Schouljoer gëlteg ass an dir eng ganz Rei Virdeeler bréngt.

Als Member kriss du eng gratis Entrée op eis 2 Fräibéieren, an hues Accès zu eise exklusive Eventer wéi dem Partyboot, der Peniche, der Visitt vum Europaparlament oder dem Beerpongtournoi. Fir un dëse Sonderevents deelzehuelen, brauchs du zwéngend eng Memberskaart – ouni kënnt een do leider net eran.

Zousätzlech profitéiere Memberen och vu Reduktiounen op eise Merch, wéi zum Beispill den ALUS-Pulloveren oder dem ALUS-Schaal.

ALUS-Memberskaart Recto ALUS-Memberskaart Verso

Du wëlls gäre Member sinn? Da kanns du dir op dësem Link deng Memberskaart vum Schouljoer 26/27 bestellen: https://forms.gle/sKBjW8z1ipJpx1W99