Eventprogramm 1t Semester 2015/2016

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 1t Semester 2015/2016: 9. September: Rallye de découverte + Tartes-Flambées-Iessen 11. September: Lüxi-Rallye zu Tréier 16. September: Fräibéier 18. September: Rentréesbal ‘Back to University’ am M 22. September: Tournée de la Soif 30. September: Petanque 7. Oktober: Beerpong 13. Oktober: Shottenowend 15.-18. Oktober: REEL zu Tréier 21. Oktober: Wäinowend 11. November: ALUS goes Kölle-Alaaf 12.-13. November: Studentefoire 19. November: Tartes-Flambées-Intercercle 26. November: Badische Meile zu Karlsruhe 3. Dezember: Niklosrallye 19. Dezember: Stroossbuerger Chreschtbal

Méi...

Route du vin 2015

Den Samsden 11ten Abrëll ass endlech neess sou wäit, dann geet d’ALUS zesummen mat Leit vun aneren Cercelen op hier Route du vin. Dest Joer ginn mer net an d’Katzenthal mä op Eguisheim. Hei den Programm: 7h30: Treffpunkt an der rue de Rome vierum Colisée 8h30: fueren mer dann pünktlech fort Eis éischt Kellerei dann ass d’Maison Cattin zu Voegtlinshoffen. Mettegiessen gëtt et dann am Restaurant “Au Sapin Doré” zu Husseren-les-Châteaux Déi zweet Kellerei Mëttes dann ass d’Domaine Charles Baur zu Eguisheim. Hei wäerten mer dono eis dann och nach Eguisheim, 2013 zum “Village préféré des Francais” gewielt ginn, e bëssen ukucken. Dono geet et dann zréck op Stroossbuerg, wou mer traditionnell vierun der Droitsfac den Dag mat eisen kaaften Fläschen Wäin auskléngen loossen. Den Reschtprogramm fir Owes ass dann à voir 😉 D’Umeldungen sinn eigentlech well zou, wann sech awer lo na 2 oder 3 Persounen wéilten umellen misst dat denken ech kee Problem sinn. Einfach eng Mail un trésorier@alus.lu schreiwen an dann kritt der all néideg Infos gesoot 🙂

Méi...

Reschtprogramm vun den Eventer fir d’2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Densdes, 17.03 : St Patricks Tournée – Densdes, 31.03 : Beerpong Turnéier – Mettwochs, 8.04 : Lasertag – Samsdes, 11.04 : Route du vin – Mettwochs, 15.04 : Bubble Bump (ULTRA GEIL http://bubblebump.fr/en-image) – Samsdes, 18.04 : Student fir 1 Dag ( https://www.facebook.com/events/1560867777500285/ )

Méi...

Assemblée Générale 2015

Deen 11te Februar gouf op der AG ee neien Comité gewielt, deen sech folgendermoossen zesummen setzt: Président : Michel GOETHALSVize-Président an Trésorier : Vincent STEINESSécretaire : Lei-Yi ZHANPartenariats : Delia TORNAMBE Relation ACEL : Nadja POENSGEN Events : Jessi FELTES, Cindy COELHO, Fränk NOESEN, Christophe RISCHETTE, Mischa HAAGEN Sport : Damien RAMOS Coopté: Bruno FILENO Ausserdem goufen den Roi an d’Reine des Bleus gekréint. Reine des Bleus gëtt d’Jessi Feltes an Roi des Bleus ass den Bruno Fileno. Diskutéiert gouf och iwert Eventer déi bislo stattfonnt hunn, wat een kéint besser maachen, wat gudd war an beibehaal muss ginn, awer och wat een an Zukunft kéint um Niveau vum Cercel änneren. An der Woch vum 16ten Februar wäert virraussichtlech keen ALUS Event stattfannen, den neien Comité trefft sech do an diskutéiert dann den Reschtprogramm fir dest Unisjoer. Merci vum aalen Comité, vum neien Comité an vum Daafcomité, dass der all sou zahlreich präsent wart op der AG an fleisseg matdiskutéiert hudd. Zousätzlech nach ee grousse Merci vum neien Comité fir äert Vertrauen!

Méi...

Eventprogramm 2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Mettwoch, 21.1., Tournée de la Soif  – Detailer komme no! – Mettwoch, 28.1.: Tournée de la Faim, mat uschléissendem Shottenowend – Mettwoch, 4.2.: Partyboot (Datum an Auerzäit vun den Umellungen deele mer Ierch nach mat) – Donnesches, 5.2.: Soirée mat Clifford Chance – Densdes 10.2.: Visite vum Europaparlament mam Charles Goerens – Mettwochs, 11.2. Assemblée Générale vun der ALUS D’Events dono ginn vum neien Comité festgesaat, et wäert also noom 11ten een geupdaten Programm rauskommen.

Méi...

Tournoi de Noel 2014

  Am Fussball gëtt d’ALUS schlussendlech onglécklechen 4.! Punktgleich mat München an Bastnech hunn mer schlussendlech bei der Goaldifferenz géint béid Cercelen verluer. Gewonnen huet d’Uni.lu, 2ten gett München an 3ten Bastnech.  Resultater vum 1ten Daag: Am Volleyball sinn mer 7/18 an am Basket 11/19 ginn.

Méi...

Wahlen vun der CROUS an den Conseils centraux de l’Université de Strasbourg

Léif Memberen, Den 18ten November, sou wéi och den 25ten an 26ten November sinn hei zu Stroossbuerg Wahlen, an zwar déi vum CROUS an déi vun den Conseils centraux de l’Université de Strasbourg, wou mir als Studenten eis Vertrieder kennen ranwielen. Fir den genauen Opbau vun den der CROUS an den Conseils centraux plus hier Rollen nozeliesen, kann een dat um Site vun der AFGES maachen: http://afges.org/events/en-novembre-change-ton-campus-les-amicales-bde/ . Et ass extrem wichteg, dass mir als Studenten déi dovunner betraff sinn wielen ginn, well do sou Saachen beschloss ginn wéi d’Politik vun der Uni, den Modalitéiten vum Enseignement, dem Vote vun de Partner an dem Budget vun der Uni, bis hin zu Saachen wéi direkten an indirekten Hellefen fir Studente. Firwat zielen ech Ierch dat ganzt? D’ALUS ass Member bei der ACEL, eisem Studentevertrieder, deen onofhängeg an parteipolitesch neutral ass. D’AFGES, den Daachverband vun den Stroossbuerger Amicalen wéi z.Bsp der AESES (Eco), der AED (droit), dem CLUB AES, (komplett Lescht hei: http://www.afges.org/les-associations-adherentes/ )… ass genau sou onofhängeg an parteipolitesch neutral, an garantéiert domadder eis Interessen am beschten kennen ze vertrieden. Bei den leschten Wahlen hunn 70% vun den Studenten d’AFGES gewielt, an hei kennt der hieren Bilan vun hierem 2 Joer Mandat noliesen: http://afges.org/bilan-du-mandat-elus-afges-2012-2014/ Ennerstetzt gett d’AFGES vun iwer 30 Associatiounen, genau sou wéi vun der FAGE, der Fédération des Associations Générales Étudiantes, dem offiziell unerkannten Studentevertrieder hei an Frankräich, deen iwer 300’000 Studenten vertrett, wou sie Member ass. Ech géif Ierch bieden Ierch den Site vun der AFGES engka bessen unzekucken, genau sou wéi hieren Bilan vun hieren 2 Mandatsjoeren, an Ierch un den Wahlen den 18., 25. an 26. ze bedeelegen.

Méi...