Ernst&Young

Leif Memberen Eisen Partner EY inviteiert ierch den 4. Mee op hieren “Young Tax Professional of the Year” “As part of the new edition of “Young Tax Professional of the Year” event which will take place on May 4th 2016 we’d like to ask for you collaboration. This competition, that will take place in Luxembourg, is a real opportunity for the students to boost their future career as Tax Professionals.” Méi Infos fënnt dir op dësem Link : www.ey.com/LU/en/Careers/Students/Joining-EY/Events—Young-Tax-Professional-of-the-year

Méi...

Assemblée Générale 2016/17

Den neien ALUS Comité fir 2016-2017 ass folgend opgebaut: PRESIDENT: Vincent Steines VIZE-PRESIDENTIN an EVENTS: Cindy Coelho SECRETAIRE: Jessi Feltes TRESORIER: Lei-Yi Zhan PARTENARIATS an RELATION ACEL: Nadja Poensgen WEBMASTER: Mischa Haagen EVENTS: Christophe Rischette, Brian Schmit, Catherine Bohnenberger, Daniel Freichel SPORT: Damien Ramos De Comité

Méi...

Route du Vin 2016

D’Route du Vin dëst Joer ass den 2ten Abrëll an féiert eis dëst Joer op Riquewihr. Wéi och Eguisheim, wou mer d’lescht Joer hin waren mat der Route du Vin, zielt och Riquewihr zu engem vun den “plus beaux villages de France”. Mat sengem authenteschen, nach aus dem 16ten Jorhonnert erhalenen Staatbild, ass Riquewihr also déi ideal Adress fir eis destjähreg Route du Vin. Treffpunkt ass PÜNKTLECH um 8h00 vierum Appartementshaus “Colisée” (6, rue de Rome). Umellen kann een sech ënnert folgendem Link HEI KLICKEN. Offiziell ugemellt ass een réischt, wann een op eisen Konto bei der Spuerkeess BCEELULL IBAN LU83 0019 2955 2436 2000 dann och nach 35€ mam Vermierk: “RdV Numm Virnumm” iwwerwisen huet. NEI DEST JOER ass, dass mir dëst Joer all nach owes zesummen Iessen ginn. Dest ass à la carte an NET an deenen 35€ mat abegraff, jiddereen muss sein Iessen selwer bezuelen. Fir eng Ahnung ze hunn wéivill Leit owes mat wellen iessen goen an am Restaurant kennen ze reservéiren, géifen mer Ierch bieden, um Umeldungslink bei “Owesiessen zu Stroossbuerg” mat Jo oder Nee ze äntweren. Fir all weider Informatiounen, kënnt der eist Facebook Event kucken.  

Méi...

9ten Abrëll – Student fir 1 Dag Stroossbuerg

Du wëlls wësse wat dech op der Uni erwaart? Dann sief Student fir 1 Dag a komm den 9ten Abrëll mam Bus mat der ACEL op Stroossbuerg an looss dir vun lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg d’Uni, de Campus an d’Stad selwer weisen an erklären. Dat ganzt kascht 39€ an umellen kanns du dech op www.acel.lu/sf1d wous de och nach weider Informatiounen fënns.

Méi...

Eventprogramm 2t Semester

+++ PROGRAMM VUM 2. SEMESTER +++ 20. Januar: Tournée de la Soif 26. Januar: Visite vum Conseil de l’Europe 28. Januar: Bowling 03. Februar: Visite vum Europaparlament 04. Februar: GNTM @ Zouave 09. Februar: Partyboat 10. Februar: Soirée Clifford Chance 24. Februar: Fräibéier & Pullover Release 17. Mäerz: Tournée de la St Patrick’s Day 19. Mäerz: Relais pour la vie 30. Mäerz: ALUS AG 02. Abrëll: Route du Vin

Méi...

ALUS Membersplover

Dir wollt schonn ëmmer en ALUS-Memberspullover? Dann ass et jo gutt dass d’ALUS elo een eraus bréngt 🙂 Dësen ass donkel blo an huet fir net deen normalen Logo vun der ALUS mee een nei kréeierten Logo an hannen eis 67 😉 Fir ze bestellen, muss dir dëse Formulaire ( https://www.inscription-facile.com/form/YZvdKOj752ytVNYOIHXD ) ausfëllen a 25€ op de Kont LU83 0019 2955 2436 2000, BIC CODE: BCEELULL, iwwerweise mat der Kommunikatioun : ALUS Memberspullover ’’Numm Virnumm’’. Ët muss een net ALUS Member sinn fir kennen ze bestellen !D’Deadline fir ze bezuelen ass den 20. Dezember 2015. Eng Bestellung kann eréischt validéiert ginn, wann d’Suen op eisem Kont ukomm sinn ! Fir déi richteg Gréisst ze bestellen, fann dir hei och eng Gréisstentabelle, wou dir dann doheem a Rou är Gréisst kennt nokucken.Bei Froen, kenn dir iech gären un e Comité-Member wenden. D’Facebook Event dozou: https://www.facebook.com/events/1521983794789638/

Méi...

Etat d’Urgence an Frankräich wéinst Attentater zu Paräis!

Wéinst den Attentater zu Paräis gouf den Etat d’Urgence an Frankreich ausgeruff. Vu dass Stroossbuerg och zu engem potentiellen Ziel vun terroristischen Attacken zielt, gëtt ugerooden, haut doheem ze bleiwen, keng öffentlech Transporter (Bus, Zuch, Tram) ze huelen an net op öffentlech Plaatzen (Campus, Place Kleber, etc…) ze goen. Den Etat d’Urgence gouf provisoresch fir 12 Deeg ausgeruff. Zu Paräis sinn d’Unien fir eng gewëssen Zäit zou, inwiefern dat lo fir d’Unistra gëllt ass na net gewosst. Grenzkontrollen goufen och rëm agefouert, mä scheinbar (nach?) net op allen Punkten. Et soll een dofir sämtlech Autospabeieren an Identitéitspabeieren vun allen Matfuerer dobäi hunn. Bei Neiegkeeten wäerten mer hei regelméisseg updaten!

Méi...

ALUS @ Studentefoire 2015

Och dëst Joër ass d’ALUS rëm op der Studentefoire vertrueden, an dat um Stand 2C20 an der Hal 1 hannen lénks! Am Gepäck hunn mer eisen Guide du futur Strasbourgeois an d’Lidder- an Kachbuch vun der ACEL, fir déi Leit déi interesséiert sinn! Kommt bis laanscht an diskutéiert mat eisen Leit iwert d’Universitéit an d’Lierwen zu Stroossbuerg, sou wéi och iwer eisen Studentecercel!

Méi...

Guide du futur Strasbourgeois 2015/2016

Eisen Guide du futur Strasbourgeois (GFS) an der aktueller Versioun 2015/2016 fannt Dir ab elo op eisem Site ënnert der Rubrik “Guide du futur Strasbourgeois” fir ze kucken an och fir en als PDF ze downloaden. Op der Studentefoire dës Woch wäerten mir eisen GFS dann och als Pabeierversioun un d’interesséiert Schüler an Studenten verdeelen. E puer wäerten mer der awer haalen fir d’nächst Joer während dem “Student fir 1 Dag”, organiséiert vun der ACEL, dann nach un déi jeeweileg Teilnehmer ze verdeelen. Maacht Ierch also bei, well déi éischt sinn fir! 🙂

Méi...