Guide du futur Strasbourgeois 2015/2016

Eisen Guide du futur Strasbourgeois (GFS) an der aktueller Versioun 2015/2016 fannt Dir ab elo op eisem Site ënnert der Rubrik “Guide du futur Strasbourgeois” fir ze kucken an och fir en als PDF ze downloaden.

Op der Studentefoire dës Woch wäerten mir eisen GFS dann och als Pabeierversioun un d’interesséiert Schüler an Studenten verdeelen. E puer wäerten mer der awer haalen fir d’nächst Joer während dem “Student fir 1 Dag”, organiséiert vun der ACEL, dann nach un déi jeeweileg Teilnehmer ze verdeelen.

Maacht Ierch also bei, well déi éischt sinn fir! 🙂