Wahlen vun der CROUS an den Conseils centraux de l’Université de Strasbourg

Léif Memberen,

Den 18ten November, sou wéi och den 25ten an 26ten November sinn hei zu Stroossbuerg Wahlen, an zwar déi vum CROUS an déi vun den Conseils centraux de l’Université de Strasbourg, wou mir als Studenten eis Vertrieder kennen ranwielen.
Fir den genauen Opbau vun den der CROUS an den Conseils centraux plus hier Rollen nozeliesen, kann een dat um Site vun der AFGES maachen: http://afges.org/events/en-novembre-change-ton-campus-les-amicales-bde/ .

Et ass extrem wichteg, dass mir als Studenten déi dovunner betraff sinn wielen ginn, well do sou Saachen beschloss ginn wéi d’Politik vun der Uni, den Modalitéiten vum Enseignement, dem Vote vun de Partner an dem Budget vun der Uni, bis hin zu Saachen wéi direkten an indirekten Hellefen fir Studente.

Firwat zielen ech Ierch dat ganzt? D’ALUS ass Member bei der ACEL, eisem Studentevertrieder, deen onofhängeg an parteipolitesch neutral ass. D’AFGES, den Daachverband vun den Stroossbuerger Amicalen wéi z.Bsp der AESES (Eco), der AED (droit), dem CLUB AES, (komplett Lescht hei: http://www.afges.org/les-associations-adherentes/ )… ass genau sou onofhängeg an parteipolitesch neutral, an garantéiert domadder eis Interessen am beschten kennen ze vertrieden. Bei den leschten Wahlen hunn 70% vun den Studenten d’AFGES gewielt, an hei kennt der hieren Bilan vun hierem 2 Joer Mandat noliesen: http://afges.org/bilan-du-mandat-elus-afges-2012-2014/

Ennerstetzt gett d’AFGES vun iwer 30 Associatiounen, genau sou wéi vun der FAGE, der Fédération des Associations Générales Étudiantes, dem offiziell unerkannten Studentevertrieder hei an Frankräich, deen iwer 300’000 Studenten vertrett, wou sie Member ass.

Ech géif Ierch bieden Ierch den Site vun der AFGES engka bessen unzekucken, genau sou wéi hieren Bilan vun hieren 2 Mandatsjoeren, an Ierch un den Wahlen den 18., 25. an 26. ze bedeelegen.