Fräibéier 2. Semester

https://www.facebook.com/events/1979389085655943/ Léif ALUS-Memberen, Fir iech d’Rentrée no dem schwéieren Semester ze erliichteren, invitéieren mir iech nees den Mëttwoch 17. Januar ab 22h00 (den Jimmy’s mëscht um 22h00 op et huet also keen wäert éischter do ze sinn) am Jimmy’s Bar (30 Quai des Bateliers) op eisen Fräibéier. Den Fräibéier ass gratis fir all ALUS-Member (bréngt är Memberskaart mat!) oder vir déi wou et nach wëllen ginn, dëse Formulaire ausfëllen. Den Owend selwer kennt dir är Memberskaart fir 10€ bei eis kafen an kennt soumat och direkt vum Fräibéier profitéieren. Mir freeën eis op iech, De Comité ♥

Méi...

Tournoi de Noël 2017

Läscht Woch huet nees den Traditionellen Tournoi de Noël vun der ACEL um Campus Geesseknäppche stattfonnt. Do war d’ALUS wéi gewinnt an den 3 Sportaarte vertrueden an hat och seng trei Supporteren an den Tribüne setzen. Och wann mir et a kenger Sportaart op de Podium geschafft hunn, hunn eis Equippen trotzdeem gutt d’Faarwe vu Stroossbuerg verteidegt an dofir soe mir iech nach en ganz grousse MERCI an och un eis Supporteren datt se eis Spiller gutt ugefeiert hunn! Mir hoffen datt jiddereen eng flott Zäit hat an och d’nächst Joer nees dobäi wier. Äre Comité

Méi...

Schéi Feierdeeg

Den ganzen ALUS Comité wënscht allen Memberen schéin Feierdeeg! Mir wollten Iech Alleguerten dann och Merci soen fir dat flott Semester. d’Planungen vir d’Summersemester sinn schonn am gaangen an mir freeën eis schonn ob déi nächst Eventer. Mir gesinn eis dann den 17ten Januar um ALUS Fräibéier! Mat beschten Gréiss, Den ganzen ALUS Comité!

Méi...

ALUS Partyboot!

https://www.facebook.com/events/1862084110519899/ Salut léif Memberen, Wei all Joers organiséiert d’Alus och dees Joer erëm dat legendäert PARTYBOOT!! Dat ganzt fënnt Mëttwochs den 24ten Januar statt. Nei: Dëst Joer ass et net 2 mais 3 Stonnen! Kuerz Beschreiwung vum Event: Mir fueren mat engem Privatiséierten Bateau Mouche duerch ganz Stroossbuerg. Während deenen 3 Stonnen ass Open Bar dh dir kritt vun allem souvill ze drenken wei der wellt. All weider Informatiounen fannt der op eiser Event-Page.

Méi...

Invitatioun fir op d’REE 2017

https://www.facebook.com/events/148890162400189/ Léif Memberen, den 22. Dezember fënnt d’REE an der Chambre de Commerce statt. Hei handelt et sech em eng Job-Foire déi vun der ANESEC – Connecting future economists an der ANELD – Association Nationale des Etudiants Luxembourgeois en Droit organiséiert ass. Op der Platz fannt dir interessant Firmen am Beräich vun Eco an Droit, wou och puer vun eise Partner wéi BCEE – Spuerkeess, Arendt & Medernach, Clifford Chance Luxembourg Careers, EY Careers, Commission de Surveillance du Secteur Financier an Chambre de Commerce dobäi sin. Méi Info fannt dir op www.ree.lu an um Facebook Event selwer.

Méi...

Merci un eis Partner fir d’Ennerstëtzung!

Fir eise Memberen kënnen flott Events z’organiséieren an déi zukünfteg Studente z’informéieren duerch eise Guide du Futur Strasbourgeois, braucht een och eng gewësse finanziell Ënnerstëtzung, déi mir ënnert anerem vun eise Partner kréien. Eis Partneren vun dësem Joer sinn: BCEE – Spuerkeess EY Careers KPMG Luxembourg Heintz Van Landewyck Sudgaz SA Arendt & Medernach Statec Luxembourg Clifford Chance Luxembourg Careers Origer S. A. Fox Beer Luxembourg Commission de Surveillance du Secteur Financier Chambre de Commerce Luxembourg Etude Kronshagen E grousse Merci un hinnen fir hier Ënnerstëtzung!

Méi...

De Comité 2017-2018

D’Uni ass elo erëm säit e puer Wochen am Gaang a mir si ganz frou iech zu esou vill op eisen éischten Events konnten ze begréissen. Heimat wëlle mir iech eise Comité presentéieren deen all déi Events fir iech organiséiert an och fir dass eis néi Memberen eng Ahnung hunn wien fir sie do ass falls sie Froen hunn, sief et zu engem Event, zu administrative Saachen, zur Uni oder zum Liewen allgemeng zu Stroossbuerg. Äre Comité 2017-2018

Méi...