Tournoi de Noël 2017

Läscht Woch huet nees den Traditionellen Tournoi de Noël vun der ACEL um Campus Geesseknäppche stattfonnt. Do war d’ALUS wéi gewinnt an den 3 Sportaarte vertrueden an hat och seng trei Supporteren an den Tribüne setzen.

Och wann mir et a kenger Sportaart op de Podium geschafft hunn, hunn eis Equippen trotzdeem gutt d’Faarwe vu Stroossbuerg verteidegt an dofir soe mir iech nach en ganz grousse MERCI an och un eis Supporteren datt se eis Spiller gutt ugefeiert hunn! Mir hoffen datt jiddereen eng flott Zäit hat an och d’nächst Joer nees dobäi wier.

Äre Comité