Lëtzebuerger Fans vum Racing Club Stroossbuerg

Moien alleguerten, Dëse Message ass virun allem un eis Fussballfans gericht. Et gëtt eng lëtzeboiesch Grupp iwwert de Fussballclub vum Racing Stroossbuerg, déi mëttlerweil an der Ligue 1 spillen. Wanns du intresséiert wiers, eng kéier Matcher mat an de Stadion kucken ze goen oder soss wëlls um lafende bleiwen iwwert Events zum Club dann trëtt dëser Gruppe bei, esou bass de permanent um lafende gehalen. Äre Comité

Méi...

Kenns du d’Carte Jeune?

Du hues keen Auto fir op Stroossbuerg/Lëtzebuerg ze fueren? Oder du fënns keng Platz méi an eiser Matfuergeleeënheeten Gruppe? Dann kuck emol op www.voyages-sncf.com, do misste puer Zich/TGV fannen déi d’Verbindung Stroossbuerg-Lëtzebuerg an ëmgedréint ubidden. Falls du méi oft op den Zuch/TGV zeréckgräife solls, da kéint et sech rentéieren eng Carte Jeune ze maachen, déi dir erméiglech en Zuchbilljee méi bëlleg ze kréien.

Méi...

Certifcat Qualité de l’Air – obligatoresch ab November wann een op Stroossbuerg fiert!

Léif Memberen, Wéi dir villäicht schon matkritt huet, brauch een ab dem 1. November ee “Certificat de qualité de l’air” wann ee well mam Auto op Stroossbuerg fueren an zu Stroossbuerg ronderëm fueren. Dëse Certificat ass eng Vignette déi ee muss an den Auto pechen. Et ginn 6 verschidde Kategorië vun deem Certificat déi ären Auto op Grond vu sengem mei oder manner héijen Pollutiounswäert klasséiert.

Méi...

Bis d’next Joer !

Déi ganz Crew, déi de Comptoir ALUS / Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) geschmass huet, seet senge Memberen a Frënn Merci dass sie de Wee bis op eise Stand fonnt hunn an eis och ënnerstëtz hunn. Och en grousse Merci un d’ ACEL – de Studentevertrieder fir déi gutt Organisatioun an dee flotten Owend.

Méi...

De Studentebal 2017

Och dëst Joer huet d’ALUS zesumme mat der Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK) e Comptoir um De Studentebal 2017. Tickete kritt dir bei de Comité-Memberen. Facebook-Event

Méi...