Certifcat Qualité de l’Air – obligatoresch ab November wann een op Stroossbuerg fiert!

Léif Memberen,

Wéi dir villäicht schon matkritt huet, brauch een ab dem 1. November ee “Certificat de qualité de l’air” wann ee well mam Auto op Stroossbuerg fueren an zu Stroossbuerg ronderëm fueren.

Dëse Certificat ass eng Vignette déi ee muss an den Auto pechen. Et ginn 6 verschidde Kategorië vun deem Certificat déi ären Auto op Grond vu sengem mei oder manner héijen Pollutiounswäert klasséiert.

Dëse Certificat ass obligatoresch vir an Zonen ze fuere wou de Verkéier reduzéiert ass wei et an e puer Kollektivitéiten zu Paräis schon de Fall ass an eben vir kennen ze fuere wann de Préfet während Periode wou de Pollutiounswäert ganz héich ass (während engem sougenannte “Pic de Pollution”) eng circulation différenciée aféiert.

Stroossbuerg huet schon mei laang ee ganz héije Pollutiounswäert an dofir huet dee franséische Staat elo de System vun der pollution différenciée agefouert, déi während esou engem pic de pollution antrëtt an déi Autoe soll favoriséieren, déi ee mei gerénge Pollutiounswäert hunn. Et geet och drëm vir während sou engem pic de pollution de Verkéier vun Autoen ze limitéieren déi en mei héich Pollutiounswäert hunn. Mei Informatiounen zu dëser circulation différenciée fannt dir um Site vum Ministère.

All Besëtzer vun enger groer Kaart deen zu Stroossbuerg mat sengem Auto fiert, muss sech sou ee Certificat bestellen, egal op den Auto an Frankräich oder iergendwou anescht ugemellt ass. Dat gëllt also och vir eis Lëtzebuerger an ass obligatoresch ab November!

Mir roden iech also dëse Certificat esou séier wie méiglech ze bestellen, da sidd der roueg vir d’Rentrée.
Mei Informatiounen an Erklärungen zu dësem Certificat fannt dir hei :
• https://certificat-air.gouv.fr
• https://www.ecologique-solidaire.gouv.fr/certificats-qualit…
Iwwert dëse Link kennt dir iech äre Certificat vun doheem aus bestellen :
• https://certificat-air.gouv.fr/fr/

Op ärer groer Kaart stinn all d’Informatiounen déi dir braucht vir äre Certificat ze bestellen an dir musst dann och eng Kopie vun der groer Kaart mat anchecken. De Certificat kascht 4,80€ an dir kritt en per Post zu Lëtzebuerg heem geschéckt.
Dir misst normalerweis no 2-3 Deeg eng Bestätegungsmail kréie wou och d’Pollutionskategorie vun ärem Auto drasteet an och d’Rechnung.
Wann dir nach Froen hutt kennt dir eis déi gäre stellen oder dir kuckt iech eng Kéier déi uewe genannte Site un wou alles nach eng Kéier gutt erkläert ass.