REEL 2014 zu München

Geschter, den 25ten August sinn d’Umeldungen fir d’REEL fir all Comités-Member vun engem Studentecercel opgangen, an den 1ten September um genau 19h geet d’Umeldephase dann och fir all Net-Comités-Member op. Mir roden jidderengem, deen sech fir d’REEL 2014 zu München well umellen , dat dann och direkt um 19h ze maachen, well den Undrang ass rieseg, an et sinn net méi all ze vill Platzen fräi.

Aschreiwen kennt der Ierch hei: www.reel.lu/index.php?id=inscription&lang=fr

Bezüglech dem Transport fueren wéi all Joer neess d’Busser vum P&R Houwald a vu Dikrech aus fort, mee dëst Joer ass et och méiglech zu Karlsruhe ranzeklammen, wat nawell fir eis Stroossbuerger relativ interessant ass. Bedenkt just, dass der direkt bei der Umeldung musst uginn wou der raklammen wellt. 

Weider Informatiounen zum Ooflaaf vun der REEL, den eenzelnen Visiten wéi och den Partner vun der REEL, déi een bei der Umeldung kann uginn fir sein CV ranzeschecken fann dir ënnert www.reel.lu.