Studiebäihëllef 2014/2015

Seit dem 1ten August ass de Formulaire fir d’Studiebäihëllef fir d’Schouljoer 2014/2015 um Site vun der CEDIES als PDF erhältlech. D’Formulaire fannt der hei: http://www.cedies.public.lu/fr/actualites/2014/08/Aide-financiere/index.html

D’CEDIES selwer huet wéinst der Reform och nach een « Guide de l’aide financière » geschriwen, deen der ënnert dem selweschten Link roflueden kënnt.

An dësem Zesummenhang huet d’ACEL och een « HowTo Studiebäihëllef » geschriwen, deen eventuell Froen beim Ausfellen vum Formulaire beäntwere soll, an wou een och nach eng Kéier een Résumé vun der neier Zesummensetzung vu Bourse a Prêt fënnt. Dat Ganzt steet hei zum Download bereed: http://acel.lu/publications/howto-studiebaihellef

Außerdem gëtt et nach ee Simulator vun der CEDIES, wou jiddereen ausrechnen ka wat en wahrscheinlech un Bourse a Prêt kréie wäert. Link: http://portal.education.lu/etudes/Home.aspx