Route du vin 2015

Den Samsden 11ten Abrëll ass endlech neess sou wäit, dann geet d’ALUS zesummen mat Leit vun aneren Cercelen op hier Route du vin. Dest Joer ginn mer net an d’Katzenthal mä op Eguisheim.

Hei den Programm:

7h30: Treffpunkt an der rue de Rome vierum Colisée

8h30: fueren mer dann pünktlech fort

Eis éischt Kellerei dann ass d’Maison Cattin zu Voegtlinshoffen.

Mettegiessen gëtt et dann am Restaurant “Au Sapin Doré” zu Husseren-les-Châteaux

Déi zweet Kellerei Mëttes dann ass d’Domaine Charles Baur zu Eguisheim. Hei wäerten mer dono eis dann och nach Eguisheim, 2013 zum “Village préféré des Francais” gewielt ginn, e bëssen ukucken.

Dono geet et dann zréck op Stroossbuerg, wou mer traditionnell vierun der Droitsfac den Dag mat eisen kaaften Fläschen Wäin auskléngen loossen. Den Reschtprogramm fir Owes ass dann à voir 😉

D’Umeldungen sinn eigentlech well zou, wann sech awer lo na 2 oder 3 Persounen wéilten umellen misst dat denken ech kee Problem sinn. Einfach eng Mail un trésorier@alus.lu schreiwen an dann kritt der all néideg Infos gesoot 🙂