Léif Neu-Ankömmlinge a léif ALUS Memberen, Fir en gudden Start an dat neit Schouljoer an virum allen fir eisen neie Leit hier nei Unisstad méi nozebréngen, organiséiere mir e Rallye duerch Stroossbuerg. Esou leiert dir net nëmmen eist wonnerschéint Stroossbuerg besser kennen mee dir hutt och gläichzäiteg Zäit fir dem Comité all méiglech Froen ze stellen déi iech um Häerze leien. Lass geet et um 17h30 beim Palais Universitaire (Place de l’Université). Fir iech unzemelle fëllt weg bis Denschdes den 13. September um 23h00 dëse Formulaire aus :
Méi...Category: Events
unicareers.lu
Léif Memberen, Den 23. September 2016 invitéiert d’Uni.lu op déi 3t Editioun vun hirem Salon de recrutement Unicareers.lu. Dëst ass eng gutt Méiglechkeet vir Studenten déi op der Sich no engem Stage sinn oder enger Arabescht. Déi genau Informatiounen an Umeldungsformalitéiten vir un dësem Salon de recrutement deelzehuelen, fannt dir ennert desem Link.
Méi...Ernst&Young
Leif Memberen Eisen Partner EY inviteiert ierch den 4. Mee op hieren « Young Tax Professional of the Year » « As part of the new edition of « Young Tax Professional of the Year » event which will take place on May 4th 2016 we’d like to ask for you collaboration. This competition, that will take place in Luxembourg, is a real opportunity for the students to boost their future career as Tax Professionals. » Méi Infos fënnt dir op dësem Link : www.ey.com/LU/en/Careers/Students/Joining-EY/Events—Young-Tax-Professional-of-the-year
Méi...Route du Vin 2016
D’Route du Vin dëst Joer ass den 2ten Abrëll an féiert eis dëst Joer op Riquewihr. Wéi och Eguisheim, wou mer d’lescht Joer hin waren mat der Route du Vin, zielt och Riquewihr zu engem vun den « plus beaux villages de France ». Mat sengem authenteschen, nach aus dem 16ten Jorhonnert erhalenen Staatbild, ass Riquewihr also déi ideal Adress fir eis destjähreg Route du Vin. Treffpunkt ass PÜNKTLECH um 8h00 vierum Appartementshaus « Colisée » (6, rue de Rome). Umellen kann een sech ënnert folgendem Link HEI KLICKEN. Offiziell ugemellt ass een réischt, wann een op eisen Konto bei der Spuerkeess BCEELULL IBAN LU83 0019 2955 2436 2000 dann och nach 35€ mam Vermierk: “RdV Numm Virnumm” iwwerwisen huet. NEI DEST JOER ass, dass mir dëst Joer all nach owes zesummen Iessen ginn. Dest ass à la carte an NET an deenen 35€ mat abegraff, jiddereen muss sein Iessen selwer bezuelen. Fir eng Ahnung ze hunn wéivill Leit owes mat wellen iessen goen an am Restaurant kennen ze reservéiren, géifen mer Ierch bieden, um Umeldungslink bei « Owesiessen zu Stroossbuerg » mat Jo oder Nee ze äntweren. Fir all weider Informatiounen, kënnt der eist Facebook Event kucken.
Méi...9ten Abrëll – Student fir 1 Dag Stroossbuerg
Du wëlls wësse wat dech op der Uni erwaart? Dann sief Student fir 1 Dag a komm den 9ten Abrëll mam Bus mat der ACEL op Stroossbuerg an looss dir vun lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg d’Uni, de Campus an d’Stad selwer weisen an erklären. Dat ganzt kascht 39€ an umellen kanns du dech op www.acel.lu/sf1d wous de och nach weider Informatiounen fënns.
Méi...Eventprogramm 2t Semester
+++ PROGRAMM VUM 2. SEMESTER +++ 20. Januar: Tournée de la Soif 26. Januar: Visite vum Conseil de l’Europe 28. Januar: Bowling 03. Februar: Visite vum Europaparlament 04. Februar: GNTM @ Zouave 09. Februar: Partyboat 10. Februar: Soirée Clifford Chance 24. Februar: Fräibéier & Pullover Release 17. Mäerz: Tournée de la St Patrick’s Day 19. Mäerz: Relais pour la vie 30. Mäerz: ALUS AG 02. Abrëll: Route du Vin
Méi...ALUS @ Studentefoire 2015
Och dëst Joër ass d’ALUS rëm op der Studentefoire vertrueden, an dat um Stand 2C20 an der Hal 1 hannen lénks! Am Gepäck hunn mer eisen Guide du futur Strasbourgeois an d’Lidder- an Kachbuch vun der ACEL, fir déi Leit déi interesséiert sinn! Kommt bis laanscht an diskutéiert mat eisen Leit iwert d’Universitéit an d’Lierwen zu Stroossbuerg, sou wéi och iwer eisen Studentecercel!
Méi...Eventprogramm 1t Semester 2015/2016
Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 1t Semester 2015/2016: 9. September: Rallye de découverte + Tartes-Flambées-Iessen 11. September: Lüxi-Rallye zu Tréier 16. September: Fräibéier 18. September: Rentréesbal ‘Back to University’ am M 22. September: Tournée de la Soif 30. September: Petanque 7. Oktober: Beerpong 13. Oktober: Shottenowend 15.-18. Oktober: REEL zu Tréier 21. Oktober: Wäinowend 11. November: ALUS goes Kölle-Alaaf 12.-13. November: Studentefoire 19. November: Tartes-Flambées-Intercercle 26. November: Badische Meile zu Karlsruhe 3. Dezember: Niklosrallye 19. Dezember: Stroossbuerger Chreschtbal
Méi...Route du vin 2015
Den Samsden 11ten Abrëll ass endlech neess sou wäit, dann geet d’ALUS zesummen mat Leit vun aneren Cercelen op hier Route du vin. Dest Joer ginn mer net an d’Katzenthal mä op Eguisheim. Hei den Programm: 7h30: Treffpunkt an der rue de Rome vierum Colisée 8h30: fueren mer dann pünktlech fort Eis éischt Kellerei dann ass d’Maison Cattin zu Voegtlinshoffen. Mettegiessen gëtt et dann am Restaurant « Au Sapin Doré » zu Husseren-les-Châteaux Déi zweet Kellerei Mëttes dann ass d’Domaine Charles Baur zu Eguisheim. Hei wäerten mer dono eis dann och nach Eguisheim, 2013 zum « Village préféré des Francais » gewielt ginn, e bëssen ukucken. Dono geet et dann zréck op Stroossbuerg, wou mer traditionnell vierun der Droitsfac den Dag mat eisen kaaften Fläschen Wäin auskléngen loossen. Den Reschtprogramm fir Owes ass dann à voir 😉 D’Umeldungen sinn eigentlech well zou, wann sech awer lo na 2 oder 3 Persounen wéilten umellen misst dat denken ech kee Problem sinn. Einfach eng Mail un trésorier@alus.lu schreiwen an dann kritt der all néideg Infos gesoot 🙂
Méi...