Etat d’Urgence an Frankräich wéinst Attentater zu Paräis!

Wéinst den Attentater zu Paräis gouf den Etat d’Urgence an Frankreich ausgeruff. Vu dass Stroossbuerg och zu engem potentiellen Ziel vun terroristischen Attacken zielt, gëtt ugerooden, haut doheem ze bleiwen, keng öffentlech Transporter (Bus, Zuch, Tram) ze huelen an net op öffentlech Plaatzen (Campus, Place Kleber, etc…) ze goen. Den Etat d’Urgence gouf provisoresch fir 12 Deeg ausgeruff. Zu Paräis sinn d’Unien fir eng gewëssen Zäit zou, inwiefern dat lo fir d’Unistra gëllt ass na net gewosst. Grenzkontrollen goufen och rëm agefouert, mä scheinbar (nach?) net op allen Punkten. Et soll een dofir sämtlech Autospabeieren an Identitéitspabeieren vun allen Matfuerer dobäi hunn. Bei Neiegkeeten wäerten mer hei regelméisseg updaten!

Méi...

ALUS @ Studentefoire 2015

Och dëst Joër ass d’ALUS rëm op der Studentefoire vertrueden, an dat um Stand 2C20 an der Hal 1 hannen lénks! Am Gepäck hunn mer eisen Guide du futur Strasbourgeois an d’Lidder- an Kachbuch vun der ACEL, fir déi Leit déi interesséiert sinn! Kommt bis laanscht an diskutéiert mat eisen Leit iwert d’Universitéit an d’Lierwen zu Stroossbuerg, sou wéi och iwer eisen Studentecercel!

Méi...

Guide du futur Strasbourgeois 2015/2016

Eisen Guide du futur Strasbourgeois (GFS) an der aktueller Versioun 2015/2016 fannt Dir ab elo op eisem Site ënnert der Rubrik “Guide du futur Strasbourgeois” fir ze kucken an och fir en als PDF ze downloaden. Op der Studentefoire dës Woch wäerten mir eisen GFS dann och als Pabeierversioun un d’interesséiert Schüler an Studenten verdeelen. E puer wäerten mer der awer haalen fir d’nächst Joer während dem “Student fir 1 Dag”, organiséiert vun der ACEL, dann nach un déi jeeweileg Teilnehmer ze verdeelen. Maacht Ierch also bei, well déi éischt sinn fir! 🙂

Méi...

Eventprogramm 1t Semester 2015/2016

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 1t Semester 2015/2016: 9. September: Rallye de découverte + Tartes-Flambées-Iessen 11. September: Lüxi-Rallye zu Tréier 16. September: Fräibéier 18. September: Rentréesbal ‘Back to University’ am M 22. September: Tournée de la Soif 30. September: Petanque 7. Oktober: Beerpong 13. Oktober: Shottenowend 15.-18. Oktober: REEL zu Tréier 21. Oktober: Wäinowend 11. November: ALUS goes Kölle-Alaaf 12.-13. November: Studentefoire 19. November: Tartes-Flambées-Intercercle 26. November: Badische Meile zu Karlsruhe 3. Dezember: Niklosrallye 19. Dezember: Stroossbuerger Chreschtbal

Méi...

Route du vin 2015

Den Samsden 11ten Abrëll ass endlech neess sou wäit, dann geet d’ALUS zesummen mat Leit vun aneren Cercelen op hier Route du vin. Dest Joer ginn mer net an d’Katzenthal mä op Eguisheim. Hei den Programm: 7h30: Treffpunkt an der rue de Rome vierum Colisée 8h30: fueren mer dann pünktlech fort Eis éischt Kellerei dann ass d’Maison Cattin zu Voegtlinshoffen. Mettegiessen gëtt et dann am Restaurant “Au Sapin Doré” zu Husseren-les-Châteaux Déi zweet Kellerei Mëttes dann ass d’Domaine Charles Baur zu Eguisheim. Hei wäerten mer dono eis dann och nach Eguisheim, 2013 zum “Village préféré des Francais” gewielt ginn, e bëssen ukucken. Dono geet et dann zréck op Stroossbuerg, wou mer traditionnell vierun der Droitsfac den Dag mat eisen kaaften Fläschen Wäin auskléngen loossen. Den Reschtprogramm fir Owes ass dann à voir 😉 D’Umeldungen sinn eigentlech well zou, wann sech awer lo na 2 oder 3 Persounen wéilten umellen misst dat denken ech kee Problem sinn. Einfach eng Mail un trésorier@alus.lu schreiwen an dann kritt der all néideg Infos gesoot 🙂

Méi...

Reschtprogramm vun den Eventer fir d’2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Densdes, 17.03 : St Patricks Tournée – Densdes, 31.03 : Beerpong Turnéier – Mettwochs, 8.04 : Lasertag – Samsdes, 11.04 : Route du vin – Mettwochs, 15.04 : Bubble Bump (ULTRA GEIL http://bubblebump.fr/en-image) – Samsdes, 18.04 : Student fir 1 Dag ( https://www.facebook.com/events/1560867777500285/ )

Méi...

Assemblée Générale 2015

Deen 11te Februar gouf op der AG ee neien Comité gewielt, deen sech folgendermoossen zesummen setzt: Président : Michel GOETHALSVize-Président an Trésorier : Vincent STEINESSécretaire : Lei-Yi ZHANPartenariats : Delia TORNAMBE Relation ACEL : Nadja POENSGEN Events : Jessi FELTES, Cindy COELHO, Fränk NOESEN, Christophe RISCHETTE, Mischa HAAGEN Sport : Damien RAMOS Coopté: Bruno FILENO Ausserdem goufen den Roi an d’Reine des Bleus gekréint. Reine des Bleus gëtt d’Jessi Feltes an Roi des Bleus ass den Bruno Fileno. Diskutéiert gouf och iwert Eventer déi bislo stattfonnt hunn, wat een kéint besser maachen, wat gudd war an beibehaal muss ginn, awer och wat een an Zukunft kéint um Niveau vum Cercel änneren. An der Woch vum 16ten Februar wäert virraussichtlech keen ALUS Event stattfannen, den neien Comité trefft sech do an diskutéiert dann den Reschtprogramm fir dest Unisjoer. Merci vum aalen Comité, vum neien Comité an vum Daafcomité, dass der all sou zahlreich präsent wart op der AG an fleisseg matdiskutéiert hudd. Zousätzlech nach ee grousse Merci vum neien Comité fir äert Vertrauen!

Méi...

Eventprogramm 2t Semester

Hei ass de viraussichtlechen ALUS-Eventkalenner fir dat 2t Semester: – Mettwoch, 21.1., Tournée de la Soif  – Detailer komme no! – Mettwoch, 28.1.: Tournée de la Faim, mat uschléissendem Shottenowend – Mettwoch, 4.2.: Partyboot (Datum an Auerzäit vun den Umellungen deele mer Ierch nach mat) – Donnesches, 5.2.: Soirée mat Clifford Chance – Densdes 10.2.: Visite vum Europaparlament mam Charles Goerens – Mettwochs, 11.2. Assemblée Générale vun der ALUS D’Events dono ginn vum neien Comité festgesaat, et wäert also noom 11ten een geupdaten Programm rauskommen.

Méi...